Back

Explore every episode of the podcast Wou deet et wéi?

Dive into the complete episode list for Wou deet et wéi?. Each episode is cataloged with detailed descriptions, making it easy to find and explore specific topics. Keep track of all episodes from your favorite podcast and never miss a moment of insightful content.

Rows per page:

1–22 of 22

TitlePub. DateDuration
Thoraxchirurgie, 13/07/202312 Jul 2023
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat den Doktere Gilbert Massard a Georges Decker

Wat ass d’chirurgie thoracique? Wat mécht dee Chirurg a wéini a wéi intervenéiert hien ? Des an aner Froën ginn am Podcast behandelt...
Kinésitherapie, 15/06/202314 Jun 2023
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat de Kinésitherapeute Steve Dondlinger a Michel Thill

Am neie Podcast “Wou deet et wéi” mat den Hôpitaux Robert Schuman a Santé Services stelle mir de Beruff an d'Aufgabe vum Spidolskiné vir...
Nephrologie, 15/09/202214 Sep 2022
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat den Dokteren Tom Buck a Stephen Zewinger

Wat ass d’Nephrologie ? Wat ass d’Aufgab vun den Nieren? Firwat geet ee bei en Nephrolog? Wéi eng Pathologie ginn et hei a wéi kann een Nierekrankheeten detectéieren? Wat ass den Ënnerscheed tëscht engem Nephrolog an engem Urolog? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast Äntwerte ginn...
Pneumologie, 07/07/202206 Jul 2022
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat den Doktere Carole Peters an Thierry Wagner

Wat ass d’Pneumologie ? Firwat geet ee bei e Pneumolog a wat mécht deen? Wéi eng Pathologien gi vum Pneumolog behandelt ? Wat ass eng Longen-Embolie ? Wéi gesäit en Traitement an der Pneumologie aus? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast Äntwerte ginn...
Neurochirurgie, 16/06/202215 Jun 2022
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat den Doktere Michael Kiefer a Christoph Busert

Wat ass d’Neurochirurgie ? Wat ass den Ënnerscheed tëscht engem Neurolog an engem Neurochirurg ? Wat ass d‘Spezialitéit vun engem Neurochirurg a firwat geet ee bei hien? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast Äntwerte ginn
Diabetologie, 19/05/202218 May 2022
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat der Diabetologin Dr. Danièle de la Hamette an der spezialiséierter Infirmière Carole Oster

Wat ass d’Diabetologie ? Firwat geet ee bei en Diabetolog? Wéi eng verschidden Typpe vun Diabetes ginn et? Bleift en e ganzt Liewen Diabetiker? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast Äntwerte ginn...
Orthopedie, 14/04/202213 Apr 2022
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat den Orthopeden Dr. Jacques Mehlen an Dr. Philippe Wilmes

Wat ass d’Orthopedie ? Wat versteet een ënner orthopedescher an traumatologëscher Chirurgie? Wéi eng Zorte vun Operatioune ginn un der Hëft an um Knéi gemaach? Wéi soll ee säin Orthoped eraussichen? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast Äntwerte ginn...
Rhumatologie, 17/03/202216 Mar 2022
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat de Rhumatologen Dr. Liz Vandivinit an Dr. Marco Hirsch

Wat ass d’Rhumatologie? Firwat soll ee bei e Rhumatologue goen? Wéi eng verschidde Rheuma-Krankheete ginn et? Kommen déi eréischt mat engem gewëssenen Alter? Wat ass den Ënnerscheed tëscht Arthrite an Arthrose? Wat ass d’Ostéoporose? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast Äntwerte ginn...
Kardiologie, 17/02/202216 Feb 2022
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mam Dr. Carlo Dimmer

Wat kann dohanner stiechen wann een Drock oder Wéi op der Broscht huet? Wéi gëtt en Häerzinfarkt behandelt? Wat fir Medikamenter muss ech duerno huelen? Sinn Häerzkrankheete verierflech? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast Äntwerte ginn...
Anesthesie, 21/01/202220 Jan 2022
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat den Dr. Cyril Thix an Dr. Marco Klop

Wéi ass d’Anesthesie entstan, wou kënnt se hir? Mat wat gouf a gëtt entschlof? Wat ass en Anesthésist a firwat brauch een hie fir eng Operatioun? Wat sinn eventuell Niewewierkunge vun der Anesthésie ? Muss een Angscht hu virun der Anesthésie ? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast Äntwerte ginn...
Gynekologie an Obstétrique, 18/12/202117 Dec 2021
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney schwätze mam Gynekolog Dr. Marc Stieber an der Hiewan Kristel von Laufenberg

Wat ass den Ënnerscheed tëscht Gynécologie an Obstétrique? Wat sinn heefeg gynekologesch Krankheeten a wéi gi se behandelt ? Ab wéi engem Alter soll een en Test op Gebärmutterhalskribs maachen ? Wéi hu béid Disciplinnen an de leschte Joeren evoluéiert ? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast eng Äntwert gëtt...
D'Ausbildung vun Infirmier/ière an Aide-Soignant/en, 11/11/202110 Nov 2021
Rieds geet e.a. iwwer d’Problemer vum Recrutement an de Gesondheetsberuffer...

Am 3. Episod vum Podcast Wou deet et wéi?“ mat Santé Services an den Hôpitaux Robert Schuman op RTL-Play sinn d’Maggy Schmit, Infirmière an der Hyperbare, der Diabetesklinik, an de Wilfried Kottmann, Member vun der HRS-Delegatioun a Wondmanager, d’Gäscht vum Dr. Claude Braun an dem Camille Ney...
Urgencen, 18/05/202317 May 2023
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat den Doktere Fabienne Koerperich an Emile Bock

Am neie Podcast “Wou deet et wéi” mat den Hôpitaux Robert Schuman a Santé Services dréint sech alles ëm d’Urgencen. Wann et séier muss goen, si kloer Käpp gefrot, déi de Stress optimal geréieren – an dat ass grad bei groussem Undrang net ëmmer ganz einfach...
Urologie, 14/10/202113 Oct 2021
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney schwätze mat den Urologen Dr. Patrick Krombach an Dr. Bernd Meyer

Wéi dacks a firwat soll ee bei en Urolog goen? Wat ass d’Prostate a fir wat ass se do? Wat ass en Nieresteen? Wéi kënnt et zum Kriibs vun der Blos a vun der Prostate? Wat sinn d‘Risikofaktoren? Gëtt et eng genetesch Veranlagung? Wat kann ee maache fir dee Kriibs ze verhënneren? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast eng Äntwert gëtt...
Ophtalmologie, 30/09/202129 Sep 2021
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney schwätze mat den Aendokteren Dr. Emilie Costantini an Dr. Michelle Thill-Berna

Wéi dacks a firwat soll ee bei en Aendokter goen? Wat ënnerscheed d'Analyse vum Aendokter vun där vum Optiker? Wat sinn déi heefegst Krankheete vun den Aen? Op wéi eng Symptomer soll een oppassen? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast eng Äntwert gëtt...
Chirurgie cardiaque, 13/04/202312 Apr 2023
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat den Doktere Klaus Kallenbach a Sergei Ceborati

D’Häerzchirurgie gëllt an der Medezin als d’Champions League. Si ass dann och d’Thema an eisem neien Episod vum Podcast „Wou deet et wéi?“ mat Santé Services an den Hôpitaux Robert Schuman op RTL-Play: Wat ass d’Chirurgie cardiaque ? Wéi weess een, dass een e Problem mam Häerz huet? Kann een e puer Häerzkrankheeten a sengem Liewe kréien? Froën iwwer Froën - d'Äntwerte ginn et am Podcast...
ORL, 16/03/202315 Mar 2023
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat den Doktere Bianca Kohnen a Pierre Kurt

An eisem neien Episod vum Podcast „Wou deet et wéi?“ mat Santé Services an den Hôpitaux Robert Schuman op RTL-Play geet et ëm den Hals, d’Nues an d‘Oueren: Wat ass en ORL a mat wéi enge Virzeeche soll ee bei en ORL goen? Wéi a mat wat ënnersicht en ORL? Fir wéi eng Interventiounen ass en ORL zoustänneg a wéi behandelt en en déi? Froën iwwer Froën – am Podcast ginn et d‘Äntwerten...
Recherche, 16/02/202315 Feb 2023
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mam Dr. Victoria El Khoury (LIH) an Dr. Jonathan Cimino (HRS)

Am 17. Episod vum Podcast „Wou deet et wéi?“ mat Santé Services an den Hôpitaux Robert Schuman geet et ëm d‘Recherche: Wat versteet een ënner klinescher Recherche? Wat ass eng Cellule de Recherche? Wat ass d’Roll vun engem Spidol an deem Beräich? Wéi gëtt dat finanzéiert? Gëtt do direkt mat de Patiente geschafft? Froën iwwer Froën – am Podcast ginn et d‘Äntwerten...
Gastroentérologie, 12/01/202311 Jan 2023
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat den Doktere Jan Friedrich Krahn a Jacques Blondelot

Wéi eng verschidde Krankheete gi vum Gastroenterolog behandelt? Wéi eng Persounen si méi engem grousse Risiko ausgesat? Wéini soll/muss ee bei e Gastroenterolog a wéi dacks? Ginn et Rotschléi fir d’Preventioun? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast Äntwerte ginn...
Chirurgie vasculaire, 22/12/202221 Dec 2022
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat den Doktere Suzanne Honig an Daniel Manzoni

Wat ass d’Gefässchirurgie? Wéi wichteg ass d‘Gefäßsystem? Wat mécht e Gefäßchirurg a wéini gräift hien an? Gëtt eng Behandlung an der Gefäßchirurgie interdisziplinär gemaach? Wa jo, mat wéi enge Fachgebidder? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast Äntwerte ginn...
Pharmacie, 24/11/202223 Nov 2022
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mam Anne Otto a Julie Schelinsky

Wéi eng Roll spillt d’Pharmacie an engem Spidol? Muss/soll e Spidol eng Apdikt hunn? Wéi gëtt ee Préparateur en pharmacie hospitalière ? Wat ass d’Roll vun deene Persounen a puncto Medikamenter a Securiséierung vum Circuit ? Si si an direktem Kontakt mam Patient ? Wéi ass de Wee vum Medikament bis bei de Patient? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast Äntwerte ginn...
Dermatologie, 13/10/202212 Oct 2022
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mam Dokter Patrick Koch

Firwat geet ee bei en Hautdokter a wat mécht deen? Wéi eng Pathologie ginn do behandelt? Sinn eeler Leit méi ufälleg fir Hautkrankheeten? Sinn déi verierflech? Wéini gëtt operéiert a wéi? Wou hält d’Dermatologie op a fänkt déi esthetesch Chirurgie un? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast Äntwerte ginn...
© My Podcast Data · Independent project · Data from Apple & Spotify