Back
Explore every episode of the podcast RTL - HitStory
Dive into the complete episode list for RTL - HitStory. Each episode is cataloged with detailed descriptions, making it easy to find and explore specific topics. Keep track of all episodes from your favorite podcast and never miss a moment of insightful content.
| Title | Pub. Date | Duration | |
|---|---|---|---|
| HitStory - MAMBO NO. 5 | 06 Jul 2021 | ||
München, Kalifornien a Kuba. De Papp huet sengem Fils um Stierfbett de Welthit virausgesot. | |||
| HitStory - DOWN UNDER | 29 Jun 2021 | ||
Eng Flütt, e Kannerlidd an e Vull fir d'Kaz. Men at Work hu viru 40 Joer déi heemlech australesch Nationalhymn erausbruecht. | |||
| HitStory - LOVE NEVER FELT SO GOOD | 11 May 2021 | ||
D'Geschicht vun engem Hit deen iwwer 30 Joer gebraucht huet bis en un d'Rulle koum. Eng Rees vum Paul Anka bis bei den Justin Timberlake. | |||
| HitStory - SEASONS IN THE SUN | 07 May 2021 | ||
Net nëmmen den Terry Jacks, och de Kingston Trio, d'Fortunes an d'Beach Boys hu sech un dem Jacques Brel säi Chanson erugewot. | |||
| HitStory - MY SHARONA | 04 May 2021 | ||
Léift op den éischte Bléck, e musikalesche "clin d'oeil" a Richtung 60ties an eng Véierelstonn Konzentratioun. "The Knack" verdanken hire Welthit enger jonker Studentin an engem Kleederbuttek. | |||
| HitStory - LOLA | 30 Apr 2021 | ||
Zwee Frënn an eng Nuecht mat vill Alkohol an haarder Musek. A moies fréi kann ee sech dann un net méi vill erënneren. De Ray Davis hat awer gutt opgepasst. | |||
| HitStory - MOONLIGHT SHADOW | 27 Apr 2021 | ||
E Film iwwert den Zauberkënschtler Houdini, de Mord um John Lennon an e Multiinstrumentalist deen net am Mëttelpunkt stoen. An eng schottesch Sängerin huet deem Ganzen d'Kroun opgesat. | |||
| HitStory - WOMAN | 23 Apr 2021 | ||
Aus dem Meedchen ass eng Fra ginn. Dem John Lennon säin Hommage un dat anert Geschlecht ass eng Zort Fortsetzung vun engem Beatles-Song aus de 60er. | |||
| HitStory - LÀ-BAS | 20 Apr 2021 | ||
De Jean-Jacques Goldman war scho bal verzweiwelt. Bis ëm eng Stëmm aus der Paräisser Metro zu engem risege Succès verhollef huet. Leider mat engem trageschen Enn. | |||
| HitStory - HIT THE ROAD JACK | 13 Apr 2021 | ||
En Autosaccident, eng Affär a mol keng zwou Minutte laang. D'Geschicht vun engem vum Ray Charles senge gréissten Erfolleger. | |||
| HitStory - ROLL OVER BEETHOVEN | 09 Apr 2021 | ||
Well dem Chuck Berry seng Schwëster doheem de Piano permanent blockéiert huet, huet de Ludwig van Beethoven musse réckelen. | |||
| HitStory - SLEEPING SATELLITE | 06 Apr 2021 | ||
Lidder iwwert eise Mound ginn et der vill. Der Tasmin Archer hire Song bréngt allerdéngs e philosopheschen Touch mat an d'Spill. | |||
| HitStory - ENJOY THE SILENCE | 22 Jun 2021 | ||
Vun enger Harmonium-Versioun bis bei de Visittekaart-Song: Depeche Mode brauchen net vill Wierder ze verléieren. | |||
| HitStory - SOMEBODY'S WATCHING ME | 26 Mar 2021 | ||
De Fils vun engem berüümte Papp ze sinn ass net ëmmer vu Virdeel. De Kennedy William Gordy alias "Rockwell" hat awer d'Chance och nach e prominente Schoulfrënd ze hunn. | |||
| HitStory - WONDERFUL TONIGHT | 16 Mar 2021 | ||
Wann eng Fra sech owes fir eng Sortie schéi mécht kann dat daueren. Den Eric Clapton huet déi Zäit nawell kreativ genotzt. | |||
| HitStory - MIDNIGHT LADY | 12 Mar 2021 | ||
Schimanski, Smokie a Bohlen - gutt gerëselt an zum idealen Zäitpunkt zerwéiert. D'Geschicht vum Chris Norman sengem grousse Solo-Succès. | |||
| HitStory - MULL OF KINTYRE | 09 Mar 2021 | ||
Fir de Paul McCartney vläicht déi schéinste Plaz vun der Welt. Et war op alle seng éischt Nummer 1 op der Insel no senger Zäit mat de Fab Four | |||
| HitStory - LOVE ME TENDER | 05 Mar 2021 | ||
En Zaldote-Lidd aus dem 19. Joerhonnert an deen éischte Film mam Elvis Presley. | |||
| HitStory - HAPPY BIRTHDAY | 02 Mar 2021 | ||
Bestëmmt hunn der dat Lidd och schonn mol fir Iech gesongen. Mä dem Stevie Wonder säi Gebuertsdagsständchen huet an éischter Linn e politeschen Hannergrond. | |||
| HitStory - SAILING | 26 Feb 2021 | ||
Zwee schottesche Bridder an engem Produzent, dee scho moies un der Dier geschellt huet, verdankt de Rod Stewart seng erfollegräichst Ballade. | |||
| HitStory - BEDS ARE BURNING | 23 Feb 2021 | ||
Pintupi, Politik, Protest, Pop. "Midnight Oil" wollte mat hirem Song d'Welt waakreg rëselen - et ass hinne gegléckt. | |||
| HitStory - BLUE (DA BA DEE) | 12 Feb 2021 | ||
An den 80er huet den Italo Disco fir voll Danzpiste gesuergt. An den 90er gouf et eng Zort Revival an Eiffel 65 hat dorunner groussen Undeel | |||
| HitStory - AM FENSTER | 09 Feb 2021 | ||
DDR-Kult aus de 70er, en Hit awer och bei eis an a Griicheland. Eng Gei an eng Schrëftstellerin hu "City" onstierflech gemaach | |||
| HitStory - ONE NIGHT IN BANGKOK | 15 Jun 2021 | ||
E Russ an en Amerikaner um schwaarz-wäisse Schachbriet, zwee Schwede mat musikaleschen Andréck aus enger faarweger Metropol an en Englänner, dee just geschwat huet. | |||
| HitStory - TIME AFTER TIME | 05 Feb 2021 | ||
En onzefriddene Produzent an e futtisse Wecker ware Schold um Cyndi Lauper sengem éischter Nummer 1-Hit an de States. | |||
| HitStory - YOU'RE SO VAIN | 02 Feb 2021 | ||
Et goufen nawell genuch Männer am Liewe vun der New Yorkerin Carly Simon. Awer nëmmen een huet et an hire gréissten Hit gepackt. | |||
| HitStory - YOU'RE THE VOICE | 29 Jan 2021 | ||
Den John Farnham war "down under" scho laang bekannt ier em 1986 mat engem Protest-Song de weltwäiten Duerchbroch sollt glécken. | |||
| HitStory - TAKE IT EASY | 26 Jan 2021 | ||
Et war deen 1. Hit fir d'Eagles, mä wann den Jackson Browne sengerzäit selwer eens gi wär, wier et wuel net dozou komm. | |||
| HitStory - THE POWER | 22 Jan 2021 | ||
Sequencer, Sample, Plagiat, Power. Aus enger Spillerei gouf um Enn en Hit, deen den Zäitalter vum "Eurodance" an den 90er agelaut huet. | |||
| HitStory - ROCKIN' ALL OVER THE WORLD | 19 Jan 2021 | ||
Bei Numm "Status Quo" denkt een direkt un 1 Rock-Klassiker. Allerdéngs ass deen net op hirer Mëscht gewuess. A wann eng aner Band sech net getrennt hätt, wier villes anescht gelaf. | |||
| HitStory - WHERE DO YOU GO TO (MY LOVELY)? | 15 Jan 2021 | ||
Nei-Delhi, London, Kopenhagen, Juan-les-Pins ... Statioune vum Peter Sarstedt sengem Lidd iwwert eng fiktiv jonk Fra, déi an d'Welt vun de Räichen a Schéine gepackt huet. | |||
| HitStory - I KISSED A GIRL | 12 Jan 2021 | ||
Déi vum Macy Gray oder déi vum Scarlett Johansson - wéi eng Geschicht ass dann elo déi richteg? Tatsaach ass, datt d'Katy Perry deemools e weltwäiten Nummer 1-Hit hat. | |||
| HitStory - TWIST IN MY SOBRIETY | 08 Jan 2021 | ||
Heiansdo soll een net ze vill no engem déiwe Sënn siche goen. D'Tanita Tikaram wollt och ni Sängerin ginn. Mä et koum anescht. | |||
| HitStory - LESSONS IN LOVE | 05 Jan 2021 | ||
Heiansdo muss een e bëssche Waasser a säi Wäi schëdden. Zum Gléck waren d'Museker vu Level 42 Mëtt den 80er keng Tockskäpp. | |||
| HitStory - IN THE YEAR 2525 | 08 Jun 2021 | ||
2 jonk Männer aus dem Nebraska déi an engem klengen Tounstudio am Texas mat engem pessimistesche Bléck an d'Zukunft Millioune Placke verkafe hunn. | |||
| HitStory - REALITY | 18 Dec 2020 | ||
De Richard Sanderson hätt u sech 3 mol missten zouschloen. Eemol war e verhënnert, déi zweete Kéier wollten d'Produzenten net. A säi groussen Hit huet en u sech och nach enger Ofso ze verdanken. | |||
| HitStory - BELIEVE | 16 Dec 2020 | ||
Mat Auto-Tune erschaaft een de perfekte Gesang, d'Cher hätt dat awer net néideg gehat. An awer war d'Technik zum gudden Deel mat Schold un engem Welt-Hit. | |||
| HitStory - DAS MODEL | 14 Dec 2020 | ||
Eng onerreechbar Léift, eng englesch B-Säit, e coole Garçon an déi Nei Däitsch Well. Etappen an der Geschicht vum gréisste Kraftwerk-Hit. | |||
| HitStory - ALL SUMMER LONG | 11 Dec 2020 | ||
Am Summer 2008 huet de Kid Rock eis mat zeréck an d'70er geholl. U sech soll dat awer schonn am Hierscht 2007 passéieren. | |||
| HitStory - DON'T LET ME BE MISUNDERSTOOD | 09 Dec 2020 | ||
Wéi aus engem Blues- en Disco-Klassiker gouf oder: Wéi e Studiomuseker a Saxophonist quasi iwwer Nuecht all Mënsch un d'Danze krut. | |||
| HitStory - HOLD ON | 07 Dec 2020 | ||
Kanner vu berüümten Elteren hunn et net ëmmer einfach. An deem heite Fall war et awer weder eng Brems nach e Virdeel. Wilson Phillips hunn hire Wee ganz eleng gemaach. | |||
| HitStory - SMOKE ON THE WATER | 04 Dec 2020 | ||
Damp iwwert dem Waasser - wat de 4. Dezember 1971 zum Gléck net an enger Katastroph ausgeaart ass huet Deep Purple zu hirem Kulthit verhollef. | |||
| HitStory - CHILDREN | 02 Dec 2020 | ||
Lidder iwwer Kanner ginn et der eng en ettlech. De Robert Miles hat op alle Fall keng grouss Wierder néideg fir seng Geschicht z'erzielen. | |||
| HitStory - NO WOMAN, NO CRY | 30 Nov 2020 | ||
E Reggae-Klassiker deen eréischt an enger Live-Versioun Kult ginn ass. An deem seng Ausso eng aner Bedeitung huet ewéi dacks ugeholl. | |||
| HitStory - BETTE DAVIS EYES | 27 Nov 2020 | ||
Eng Stëmm, déi engem d'Héngerhaut andreift an Aen, déi d'Männer ëm hire Verstand bréngen. D'Kim Carnes an d'Bette Davis hu mat hiren Talenter Geschicht geschriwwen. | |||
| HitStory - SONDERZUG NACH PANKOW | 01 Jun 2021 | ||
Vum Glenn Miller bis bei den Erich Honecker - eréischt 1990 ass den Udo Lindenberg mam Zuch ukomm a säin Dram vun enger DDR-Tournée an Erfëllung gaangen. | |||
| HitStory - HOLDING BACK THE YEARS | 25 Nov 2020 | ||
E Lidd iwwert eng komplizéiert Kandheet, den Optakt vun enger laanger Karriär: Simply Red mat allerfeinstem "blue-eyed soul" | |||
| HitStory - HUNG UP | 23 Nov 2020 | ||
En "Neen" huet een ëmmer, mä wann ee léif freet? Och d'Madonna huet net direkt d'Erlabnis kritt fir sech bei ABBA dierfen ze zerwéieren. | |||
| HitStory - LOVE IS ALL AROUND | 18 Nov 2020 | ||
4 Hochzäiten, 1 Begriefnis an 10 Minutten Aarbecht. Den Numm "Presley" huet déi Kéier näischt mam "King" ze dinn, en huet enger schottescher Band zu engem Welthit verhollef. | |||
| HitStory - PRIVATE DANCER | 16 Nov 2020 | ||
Heiansdo ass et gutt, wann ee selwer agesäit, datt een um Holzwee ass. D'Tina Turner kann dem Mark Knopfler nëmme Merci soen. | |||
© My Podcast Data · Independent project · Data from Apple & Spotify