Explore every episode of the podcast Queens of Meh
| Title | Pub. Date | Duration | |
|---|---|---|---|
| Episod 36 - D’ass just eng Phas | 23 mars 2025 | 00:50:58 | |
Jorelaang ass ee professionell Partymaus, et huet een e crush op den Drummer vun der Band an iergendwou am Kapp spillt ëmmer ee Lidd. A knapps ass een 28 muss ee sech mat co-parenting ausernee setzen, Lafschong kafen ass Thema Nummer 1 an et gëtt drop an derwidder gedierzt. Blöd just wann ee sech am eegene Gebuertsdatum geiert huet an een nach guer keng 28 ass. Kann ee jo mol verdrängen, genee esou wéi déi eege Sexualitéit oder den Typ deen am Gang no der IBAN Nummer freet. Firwat d'Cat zréck bei d'Psy sollt goen an d'Sidsel friem Leit ëmaarmt, dat gitt dir an dëser Episod vu Queens of Meh gewuer. | |||
| Episod 35 - Mat der Dier an d’Pan | 08 mars 2025 | 00:52:56 | |
Wann eng nei Episod um Weltfraendag opgeholl gëtt, da muss een natierlech mat geballter Alpha-Energie an d’Renne goen. Un der Startlinn stinn d’Sporty Spice & d’Koriander-Cat a maache sech waarm fir mat beschtem italieeneschen Accent iwwer Schwanzvergläich ze schwätzen. Wat Himmelsdéiercher domat ze dinn hunn a firwat Lëtzebuerg nach e weidere Männerpodcast brauch, dat fannt dir eraus wann dir dem Serge & Carlos nolauschtert - Kings of FraMEHnsch. | |||
| Episod 34 - Flirt mat der Hand | 16 févr. 2025 | 00:48:33 | |
Rideau op: den inklusiven Theater mat Trigger Warnung, villen Emotiounen an zwou Kinniginne von und zu Meh ass am Duerf. Den Text sëtzt net ëmmer mee et gëtt un der Verständlechkeet geschafft, oder awer um verständnisvoll sinn? Virun allem d’Cat muss léiere wéini laachen ubruecht ass an d’Sidsel schafft u senger Karriär als Bus-Entertainer. A propos Trigger Warnung an dëser Episod ginn zwou Fraen ouni Kanner Erzéiungstipps, e Single kritiséiert Umaach-Strategien an e Snack geheit d’Fro vun eiser polnescher Community op. Wat kéint scho schif goen?! | |||
| Episod 33 - Sexy Dumplings | 01 févr. 2025 | 00:52:00 | |
Dës Episod gëtt iech presentéiert vun der Léift - déi am Krankebett, déi live vum LSC a virun allem déi vum Sidsel sengem Partner. Spicy gëtt et awer net, héchstens cringe vue, dass den Altersënnerscheed tëscht eisen zwou Queens laut enger Infirmière bei mindestens 20 Joer läit. Och wann alles géint si geschwat huet, hunn d'pick me girl an d'girly girl sech an engem Lichtermeer vun Hallefwësse fonnt a loosse sech ni méi lass, villäicht och well soss eent vun hinnen aus dem Bett géif falen. Kannersécherung sei dank konnten d'Banaus-Bananen dës Woch awer ganz ouni Blessuren ophuelen an anere Leit hir Dilemm-lemms léisen an de Weltfridde lancéieren. An deem Sënn: Grönland save the queens, oder ëmgedréint. | |||
| Episod 32 - D’Geschicht vum Meter Béier | 11 janv. 2025 | 00:46:49 | |
3…2…1 Apeldecken! An domat ass 2025 dann och offiziell lancéiert, an dat direkt mat enger existenzieller Fro: Wéi vill kann an enger Episod geflucht ginn? Problematesch ass an dëser Episod net just wéi vill misst gepiipt gi mee och är Hosts aka Junkien. Dopamin-junkies versteet sech, eppes aneres géif d’Sécherheetsmuecht vu Lëtzebuerg och guer net acceptéieren. A propos Sécherheet - Firwat d’Cat am Tram Leit opfuerdert d’Box rofzeloossen an d’Sidsel elo bei X-Faktor duerchstarte wëll fannt dir an der aktueller R-rated Episod vu Queens of Meh(th) raus. | |||
| Episod 31 - Blannen Hond a kale Jang? | 14 déc. 2024 | 00:48:06 | |
Licht an! Oder aus? Et ass net ëmmer esou einfach säi Wee am däischteren ze fannen, virun allem net wann een d’Gefill huet verfolleg ze ginn… An dësem Fall awer Luuchten un, well sos kann een net d’Biller bewonneren, déi d’Cat no 3 Joer a senger Wunneng elo endlech opgehaangen huet. Wärenddeems huet sech d’Sidsel dann och erëm sengem Liblingsthema gewidmet: Vakanze plangen. Déi 2 Musicaltalenter grënnen net nëmmen en nationale Comité fir Chrëschtdagsdekor a spillen eng ronn Tabu, mee diskutéieren dann och potenziell Virsätz fir 2025. An deem Sënn: See you in Ulm, Merry Christmas an e gudde Rutsch (dir kennt de Recht..) | |||
| Episod 30 - 2 Poolboys um Zebrasträifen | 30 nov. 2024 | 00:44:50 | |
Advent Advent, kuckt eist onnëtzt Talent. Oder am Cat sengem Fall TalentER. Nodeems endlech d’Fro gekläert gouf ob sech am beschten no vir, no hannen oder aus dem leschte Lach päift, kann den Zirkus lass goen. Ganz no deem Motto gouf en neie Level un domm entdeckt, YOLO-Parking bedriwwen a Pool-Boys mat Poliziste verwiesselt. Donieft goufen et vill Froen un d’Dokteren an Dokteschen am Land, a wéineg Äntwerten insgesamt. Villäicht net ganz léisungsorientéiert oder qualitativ besser wéi déi lescht 29 mee dofir ware mer nach ni esou jonk. Wéi d’Sidsel géif soen “Wurscht, op déi nächst 30” an happy Evan! | |||
| Episod 29 - Spullmaschinnen-Sekte | 16 nov. 2024 | 00:44:35 | |
Halloween ass eriwwer mee et bleift creepy bei de Queens of True Crime Dating CoMEHdy. Dir hutt d’Gefill dir gitt beobacht? Dir gesitt ëmmer erëm déi selwecht Persoun mat Kap a Schnurres virun ärer Fënster stoen? An ärer Spullmaschinn wunnt den Tom Cruise? E klore Fall fir d’Trovatis. Tri Trovatis, dat sinn d’Cat, d’Sidsel an de creepy Joe aka dem Sidsel säin achtsamen Alter Ego. An dëser Episod léise si fir iech de Fall vum Wikinger, deen de Bluetooth erfonnt huet, konfrontéieren den Nico Santos a ginn engem Whatsapp-Dilemmski op de Grond. Lauschtert eran a freet iech op Gelabers, esou wéi Motte sech op d’Luucht, wéi e Bëbee sech op de Potti a wéi d’Sidsel a Cat sech op den éischte GlüHwÄiN vun der Saison freeën. | |||
| Episod 28 - Neien Dag, neit Gehier | 03 nov. 2024 | 00:45:32 | |
Ho ho ho - Halloween ass eriwwer mee déi grujeleg Gestalte laueren nach iwwerall: Ex-Partner, Bankkonten, eeler Leit mat vill Spaut am Mond a Lama um Spieß. Maacht et wéi all déi Leit, déi net beim Staat schaffen a schrauft är Erwaardungen erof. TV-Sternchen Sidsel an extravagant Persoun aus dem Botzpersonal Cat prrraudly present: hir Laachkris. | |||
| Episod 27 - Nuesläppchen | 19 oct. 2024 | 00:42:20 | |
This is the voice of Dingsdabumms… Ob sech d’Still fir d’Queens ëmdréinen oder net, gitt dir an der neister Episod vun ärem Liblings-KFZ-Podcast gewuer. Keng Angscht, sollten technesch Problemer opkommen, d’Cat krempelt d’Äerm vu sengem Fräizäitkostüm an d’Luucht an d’Sidsel huet d’Dréikräiz an d’dad jokes scho parat. Dir mierkt, qualitativ gëtt mol nees eng Schëpp dropgeluecht. A punkto Kultur haut mat dobäi: Notiz-Poetry. Am Sport eng Schweess-Analys. D’Mieresbiologin Sidsel hëlt sech de wëssenschaftlechen Themen un, wärend d’selwer ernannte mean girl mommy Cat den Nuesläppche prett mécht fir d’Rubrik Trauer. Vill Spaass beim Lauschteren wënscht Iech är Hallefwëssen-Redaktioun aus Lolland. | |||
| Episod 26 - Cornischong an der Tut | 05 oct. 2024 | 00:49:44 | |
Stellt Iech vir de Fliger stierzt of an dir sëtzt dran, wat braucht der? Wann d’Äntwert dorop Aaxt a Feier ass, congrats dir sidd e Mann. Wann dir eng Fra sidd, eist Bäileed well wéi FB Kommentare beweisen: “Frae sinn net witzeg”. An deem Sënn, wëllkomm beim Trauerpodcast an deem et dës Kéier iwwer Dout, kriibskrank Kanner a Kontakt mam Ex geet. Falls dir elo ganz vill Froen am Kapp hutt, hei nach e puer méi: Wéi vill Hänn huet d’Cat? Wat ass big papa energy? Firwat gëtt schonn nees Toilettëpabeier rationéiert? Kritt d’Sidsel en Job am Zoo? A wat ass déi neiste Rubrik bei Queens of Meh??? Äntwerten dorop, mat enger Prise Würgreiz, gëtt et an der neister Episod vu Queens of Meh. | |||
| Episod 25 - I just a baby | 21 sept. 2024 | 00:43:23 | |
Live vum Medienzentrum Hesper: Ären ergotherapeutesch korrekte Podcast! Wéi op der Schueberfouer, oder fir d'Sidsel, wéi am Tram, geet et ronn. Sëtzt iech nieft an op keen a lass geet et mat adulting fails, Panikattacken an ongefiltertem Chaos. Wärend déi eng Queen Stellungnam zu sengen Tittebilder hëlt, ass d'Cat vu Geeschter geplot. D’ass näischt fir houfreg drop ze sinn: Wann d'Betreier aus dem Haus sinn, danzen d'Grimmelcher um Dësch - Mee wat sinn nach emol Grimmelcher? D'Äntwert dorop a firwat ee mat 26-32 nach net prett fir dat grousst Liewen ass, gëtt et an der neister Episod vu Queens of Meh. #zréckopdeKierchbierg | |||
| Episod 24 - De Ping Ling Effekt | 07 sept. 2024 | 00:52:13 | |
Et ass d’Rentrée vun de royalen Therapiestonnen, déi net vun der Krankekeess gedeckt ginn – Queens of Meh sinn zréck mat enger extended Episod. Wat gehéiert zu der Rentrée dozou? En neien Outfit! Kee Problem fir d’Sidsel, dat zwar aktuell weder Job nach Wunneng huet, ma de Kleeder-Code huet et scho mol geknackt. Priorities eben, denkt sech och d’Cat a widmet sech de wierklech grousse Problemer am Liewen: Leit, déi op Concerte repsen an iergendengem Mathematiker aus der Belsch. Wat soss nach a Sri Lanka, München a beim Schéinheetschirurg passéiert ass an de leschte Wochen, lauschtert eran a fannt den (sexuelle Kontext) eraus. Dës Aktivitéit gëllt offiziellals Hobby. | |||
| Episod 23 - Liberté, Égalité, Duerffest | 27 juil. 2024 | 00:45:39 | |
Dot är Rettungswesten un, Schwammkap op de Kapp a lass, seet de Kapitän German the Herman. Mir paddele Richtung Pride, laanscht Lëtzebuerger Duerffester an och déi sloweenesch Hecke ginn ënnerwee matgeholl, wuertwiertlech. Wat mussen déi dann och direkt virun den Auto sprangen? Konflikter ginn et genuch an dëser Episod, Léisungen awer och. Wann Zanpasta net méi hëlleft, da muss een a Costa Rica auswanderen, esou wéi d’Cat am léifsten nodeems et eisen Ex-Premier begéint hat. Wärend deen een Ärdnosskapp sech am Summer doheem verbrennt, ass deen aneren Eeërkapp scho mat enger gebrachener Zéif am Fliger fir fort. An domat ass et dann och offiziell: Mir ginn an d’Summerpaus, also villäicht, also warscheinlech, also lauschtert selwer! | |||
| Episod 22 - De boob-business | 13 juil. 2024 | 00:42:33 | |
Just Ken, just George oder awer just Sidsel? Nee, keng Angscht, och wann déi Zwee sech am Privaten net leide kënnen, gehéiert d’Cat zu dësem Podcast, wéi Holland an England an d’Finall. Wärend Lëtzebuerg Privat scho mat den Hufe schäert fir en exklusiven Interview, ginn d’Queens léiwer en inklusiven Abléck an hir Gehierer, dës funktionéieren nämlech net ëmmer wéi d’Norm dat verlaangt. Mee wat ass schonn normal? Vun enger Wäschmaschinn beleidegt ginn, am Wellness op Geschlechtsdeeler kucken oder alles kuerz a kleng schloen? Lauschtert d’Episod a fannt et eraus! An och wann net, denkt drun: E Gudden, bei allem wat der maacht!
| |||
| Episod 21 - Wat kucks de sou domm? | 29 juin 2024 | 00:45:28 | |
Léif Passagéier, mir begréissen iech ganz häerzlech um Vol Richtung süffisant kulturell Aventure vun enger Naturburschin an engem Bienenstich-Mäuserich. Huelt iech Plaz beim Emergency Exit well är Pilotinnen op dësem Podcast hunn Turbulenze matbruecht. Vu Bodyshaming am Fliger, bis allerlee Blessuren an toxesche Bobs, gëtt et an dëser Episod vill Schlechtes fir de Kierper mee Guddes fir de Kapp. Fir et kuerz ze faassen: Haaptsaach e Briet um Waasser, et gëtt keen Update vum beschte Stéck a virun allem, op de Chômage!
Dës Episod enthält Reklamm. Zesumme mam Familjeministère géife mir Iech gären d’Event Alles normal - Lëtz celebrate inclusion presentéieren. Méi Infoen dozou an der aktueller Episod oder och ënner www.allesnormal.lu
Dir wëllt och Reklamm bei eis schalten? Da mellt iech dach einfach iwwer queensofmeh@gmail.com
| |||
| Special - Déi mam Speed Dating | 15 juin 2024 | 00:41:04 | |
Si mir alleguerte just SIMS deenen d’Leeder fortgeholl gouf? Sinn d’Äisbieren de key wann et ëm d’Flirte geet a wat war eigentlech virun 100 Joer lass? Froen iwwer Froen an dëser spezieller Episod an där ee sech net sécher ass op een op engem Date sëtzt, an enger Konferenz iwwer Déieren oder awer an engem Café mat Krunnemécken, déi aus dem Philosophéieren net rauskommen. Wann der wësse wëllt firwat d’Sidsel e Kuschelmann ass an d’Cat den décksten Elefant aus der Häerd wëll sinn, da setzt iech un den Dësch, d’Candle light dinner, ouni happy end mee dofir mat Käseplatte, ka lass goen!
| |||
| Episod 20 - Keen Alkohol iwwer 18 | 01 juin 2024 | 00:42:46 | |
Triggerwarnung: Dës Episod ass crunchy. Net just well d’Sidsel an d’Cat sech u verschiddene Wierder d’Zänn ausgebass hu mee well drop an derwidder gesnacked gouf. A propos Alkohol, d’Queens sinn nees beieneen an dat mierkt een um Pegel, mee keng Angscht genee esou wéi den Niveau geet och dee konstant rof #risegeFändel. Vu komescher Gruppendynamik, ASMR a Geeschter am RTL-Gebai, d’Sidsel hëlt iech wuertwiertlech mat ënnert säi Bettlaken an d’Cat versaut eis Kanner mat Geschichte vun Toleranz. Happy pride month a shoutout un de Bäcker, deen um 6 Auer moies Lasagne verkeeft.
| |||
| Episod 19 - Wupp Wupp Hurra | 11 mai 2024 | 00:45:13 | |
Wëllkomm u Bord vum Karaoke Zuch, deen aus dem leschte Lach päift. Äre Lokführer haut ass d’Sidsel, och nach bekannt ënnert dem Numm Prinzessin Schicki Micki, a fir de people pleasing suergt d’Delulu-Cat. Kuerz Warnung am Ufank déi Zwee mussen nach rausfanne wéi ee sech als normale Mënsch an der Ëffentlechkeet verhält, dofir maacht iech prett ugeglotzt oder ugesongen ze ginn. Gelästert gëtt net méi (all ze vill) well dat kënne Leit anscheinend héiere wann een e Podcast huet. Wien no der éischter Hallschent nach dru bliwwen ass ka sech op feinstes Formel 1 Wëssen, Improv-Bitches an op ästhetesch Theme mat manner Stoff freeën. An NEE, dat ass keen Opruff fir dick pics, héchstens e Casting Call fir déi beschte Wurscht.
| |||
| Episod 18 - D’Wellness-Bitch | 27 avr. 2024 | 00:50:19 | |
Dot äert Säbbelchen un, elo gëtt portionéiert geklotzt a gekleckert! 3 Wochen hunn d’Queens näischt vu sech héiere loossen, oder wéi si soen „d’Kontroll iwwert d’Liewe verluer“, elo si se zréck mat den schlüpferegen details an de wichtege Froe vum Liewen. Wéi vill kascht eng Poubellestut? 24 Euro! Wéi lieft d’Sidsel? Wéi e Kinnek! Wéini ass eng Fernbezéiung eng Fernbezéiung? Wéi de Facebook-Status aus den 2000er: et ass komplizéiert.
Pakt iech e Snack an Ärmecher an, dës Episod steiert voll Karacho op Sinneskrisen an d’Manternacher Thermen zou. Keng Angscht et ass eng professionell Wellness-Bitch u Bord.
| |||
| Episod 17 - Eppes ganz Perverses | 07 avr. 2024 | 00:44:35 | |
Wéi iwwerbréngt ee schlecht Noriichten? NET. An dofir loosse mer all déi negativ Aspekter an der Beschreiwung vun dëser Episod mol raus, sou wéi Altersshaming, ustrengend Diskussiounen an der Famill oder onnéideg Verlobungen. Wann der méi dozou wëllt wësse musst der scho ralauschtere well hei gëtt net gespoilered, hächstens driwwer diskutéiert wéini e Spoiler e Spoiler ass. Ass et schonn ee wa mer soen „et gëtt tragesch, dramatesch an net relevant“? Oder wa mer soen, dass d’Cat op Misère steet, esou wéi d’Sidsel op „U-Bahn sëtzen“? Ouni ze vill ze verroden: Et gëtt perséinlech, et gëtt snackeresch, a virun allem geet et ab 40 nees biergop!
| |||
| Special - Déi op däitsch | 23 mars 2024 | 00:46:19 | |
Hallo ihr Lieben, jetzt wird’s special! Speziell dumm und uninformiert, das aber in 5 Sprachen. Die beiden Chamäleons aus Luxemburg haben auf die unzähligen (3) Nachfragen reagiert und eine Folge komplett auf Deutsch gemacht, oder wie sie sagen „so nämlich!“. Von Keyboard warriors, geilen Teilchen und Zug-Stalker - Diese Folge widmet sich den wirklich wichtigen und unwichtigen Sachen im Leben bei denen man einfach mal das Maul aufmachen oder auch halten sollte. Alles wie immer also, halt nur auf Deutsch. Aber wenn wir schon dabei sind: Liebe Regierungsmänner- und -Frauen Wiens, die diesen Podcast ab jetzt hören, ihr wisst was zu tun ist!
| |||
| Episod 16 - Knutsche mer elo? | 09 mars 2024 | 00:46:46 | |
Huelt iech ären emotional support dog namens Sidsel un d’Säit well hei kënnt eng Episod wéi dem Cat säin Auto: béid kéime wéinst fautes majeures net duerch de Contrôle Technique. Mee wa mer eppes aus dëse 46 Minutte léieren, dann, dass Feeler wichteg sinn am Liewen an, wéini et den Dating-Kackbierg erof gaangen ass. Vun toxeschen Ex-Frënn, dem Gen Z vs. Millenial Clash an deem engem Dag beim Eldo wou d’Sidsel net gutt drop war. Lauschtert bis zum Schluss well do ginn déi wichteg Froen a philosophesch Phrase gekläert. | |||
| Episod 15 - Fir sech ze schummen | 24 févr. 2024 | 00:45:14 | |
Opgepasst, dës Episod ass FSK-Aarsch gezeechent a soumat net fir Leit, déi hiert Liewen am Grëff hunn. Ze soen et geet drënner an driwwer géif de Geschichten net gerecht gi well si mer éierlech geet et virun allem drënner: Ënnert d'Gürtellinn fir genee ze sinn. Wärend d'Sidsel d'Parallellen tëscht Expressionismus an Exhibitionismus erläutert, hëlt d'Cat hëlt iech mat Nackt-Shoppen. Et gëtt awer net just vu Pleiten a Panne geschwat, et gëtt och méi deep. Deep an der Poubelle gewullt, awer och deep a Punkto wéi ee sech selwer gesäit a fillt. Et ass fir ze soen: Et ass ok net ok ze sinn.
| |||
| Episod 14 - Toiletten-Handbroch | 10 févr. 2024 | 00:41:52 | |
Schéine gudden Hallo vun engem eenaarmege Geméis-Snob an engem gehierlose Schweed. Sëtzt iech un den Dësch, dat (on)perfekten Dinner ka lassgoen. Als Entrée gëtt et den Toiletten-Handbroch, presentéiert vum Sidsel, oder wéi et och nach genannt gëtt: Haip. Iwwregens: Just hei gëtt et déi onzenséiert Versioun vun der Geschicht, déi mol net den Dokter ze héiere krut. A propos Saachen di ee besser huet net auszeschwätzen: Als Haaptplat hätt d’Cat e Koriander-Gate unzebidden. Iwwer Dessert léisst sech och ëmmer diskutéieren, virun allem wann d’Sidsel säin Avocado-Justus raushänke léisst an d’Cat soll agefruer ginn. Ma dann, dot iech waarm un! | |||
| Episod 13 - Mutz um Strand | 27 janv. 2024 | 00:46:03 | |
Wanderfrënn an Insta-Mausis, Billjee zéien a lass an den Zuch Richtung dirty town. Nodeems bei enge vun de Queens d'Dommheet Weeër sicht fir rauszekommen, wëllen d'Sidsel & Cat sech an dëser Episod beweise wéi bewandert se wierklech sinn. Virum Reese gëtt sech natierlech fir d'éischt informéiert an dann ass een och scho prett fir den éischten Tëschestopp: D'Fraentoilette! Eng Empfeelung fir all déi, déi op der Sich no engem Ego-Boost sinn. Wärend der Rees gëtt sech d'Zäit mat Spille verdriwwen an d'Queens entdecken hir Disney-Era. Terminus du train, deen hoffentlech net crashed, well eis Queens stelle fest si sinn am Eeschtfall wuel sou sënnvoll wéi eng Mutz um Strand. | |||
| Episod 12 - Uewe cosy, ënnen hoe-sy | 13 janv. 2024 | 00:47:20 | |
Happy nei Hoer! Oder awer schéint neit Joer? Mam Nofroe wat dee Géigeniwwer gemengt huet hunn d'Cat an d'Sidsel et och am neie Joer net esou, och net mam Karma, mat der Geo a mat der Gesondheet. Dofir awer mat de wierklech wichtege Froen am Liewen: Wat ass mam Apéro? Firwat pisse Leit sech an hir Schong? Firwat liicht däi Mikro? Dir mierkt, mir starte ganz gemittlech an dës éischt Meh-pisod vun 2024... wann do net de Schluss wär. Freet iech op eng Eskalatioun, esou grouss wéi dem Cat seng Espressostas an dem Sidsel seng Bloderen. | |||
| Episod 11 - It is what it is | 30 déc. 2023 | 00:46:17 | |
Chrëschtdag a Silvester falen dëst Joer fir 50% vun de Queens openeen, déi aner 50% verschaffe wärenddeems scho Beobachtungen aus Familljekreesser. Ausser eng déck Lëps, déi riskéiert gouf, e Rdv bei der falscher Bank an eng schloflues Nuecht dréint sech an dëser Episod awer alles dorëms wat 2023 sou war a wat 2024 esou soll ginn. Eng Episod mat ville Froen, villen Äntwerten an 2 Ligen! Wien ass de bessere Pinnochio vun deenen 2? A wat wären är Äntwerten op eis Froen? Wéi de Grand-Duc Sidsel géif soen „d’ass déi perfekten Opportunitéit fir d’Joer zesumme Revue passéieren ze loossen“. A lass, seet de Grinch!
| |||
| Special - Déi mat Chrëschtdag | 23 déc. 2023 | 00:45:22 | |
Ho Ho Hold up - dëst ass eng Christmas Special Episod vun de Queens a se gëtt very me(h)rry! E kuerze Réckbléck op London, wou dragmas an darts gefeiert / erlidde gouf, dierf net feelen an dann ass de Rudolph mat senger big nose och scho prett fir eis Richtung dänesch a lëtzebuergesch Traditiounen ze guidéieren. A wann der lo sot “et ass dach red nose”, ma da sidd der méi textsécher wéi d’Sidsel an d’Cat - wat an dëser Episod och wierklech net schwéier ass. Vum Danze ronderëm de Beemchen, Kaddostress a schwierege Familljen, dës Episod bréngt iech duerch d’Feierdeeg, och wann iech net no feieren ass. Wat no eisem Gesang guer keen esou en onrealisteschen Zenario ass. Falalalalalala-lauschtert einfach!
| |||
| Episod 10 - Dupsi op d'Nues | 16 déc. 2023 | 00:47:45 | |
„Mir paken eise Koffer an huele mat: E positive Possum, Bagage vu fréiere Bezéiungen, naass Strëmp mat Lächer a Matbewunner aus der Spull“, esou kéint een dës Episod resuméiere wann d’Episod just 10 Minutten hätt. D'Cat a Sidsel kontrolléieren d’Zäit awer net, net esou wéi de Mister Strange oder de Benedict Cumberbitch - oder wéi heeschen déi scho méi alleguer? Mam schwätzen haten déi zwou Queens et haut villäicht net esou mee dofir huet d’Sidsel Jesus-like skills entwéckelt a kann elo Wäi maachen an d’Cat huet sech zur Educatrice vun engem Läffel ausbilde gelooss. Gleeft der net? Da lauschtert iech de Spektakel un a wann der duerno nach Nerven hutt, da sidd der belaaschtbar genuch fir d’Positioun, déi opgaangen ass. Schreift är Demande via Instagram a keng Angscht, et ass keng (flaach) Hierarchie: Dir braucht kee Chef ze nennen, Queens geet duer. | |||
| Episod 9 - Et gönnt ee sech jo soss näischt | 03 déc. 2023 | 00:48:26 | |
Mat VTT geet déi heiten Dier vum Adventskalenner op an hannendru verstoppe sech e Crêpemeister an e Wellness-Expert mat pikante Geschichten. Wärend d’Cat mol erëm Dokteren an d’Pan klaakt, huet d’Sidsel Geschichten aus dem Privat-Puff. A falls dir iech frot, wéi ee Lëtzebuerger am Euromillions gewonnen huet. Et war net keen, mee definitiv och net eng vun de Queens. Soss misst d’Cat net mat Lächer an den Turnschlappe ronderëm lafen an d’Sidsel bräicht kee Rubbelkalenner. A Propos rubbelen… nee lauschtert einfach selwer wéi sech an Zukunft kéint begréisst ginn. | |||
| Episod 8 - Schleeken am Ouer | 18 nov. 2023 | 00:43:25 | |
Wat hunn e Stéck Schockela an eng Kaz gemeinsam? Allen 2 suergen op hir Aart a Weis fir Erausfuerderungen am Alldag vun deenen zwou Queens! Doriwwer eraus gëtt et alt erëm en neien Overthinking Zenario beim Akafen an eng grouss Fro déi eis natierlech all beschäftegt: Gëtt an FKK-Hotelle plakeg gebotzt? A wat der Däiwel sinn Oureschleeken? D'Cat a Sidsel hunn zwar net op alles eng Äntwert mee dofir vill Wuert(z)witzer an an Zukunft villäicht och eng Perréck an e klengen Hummer. | |||
| Special - Déi mam 11.11 | 15 nov. 2023 | 00:47:50 | |
Jecke Warnung, dës Episod ass wéi dem Cat säi Glitzer: All over the place! D'Queens of *an dësem Fall* Fire and Ice, hoffen dir sidd prett fir Kölle Alaaf à la Meh! D'Motto #HeißIceBaby zitt sech net just duerch dësen 11.11 mee och duerch alles wat duerno geschitt ass: Et gouf geFEIERt, geziddert a gejaut, dass d'Stëmmbänner wibbelen an dir sidd live dobäi. Vun ongefrote Beréierungen, ongewéinleche Bodycounts an onpraktesche Kostümer gëtt an dëser Episod zu 73% geschwat a 25% gesongen. Déi aner 2 Prozent gehéieren dem Sidsel senge bloe Plazen a wou déi hierkommen kënnt der hautno zum Schluss vun dësem musikalesche Kappkino materliewen. Vill Spaass an denkt un dem Chris seng Wierder.
| |||
| Episod 7 - Mehcaroni a Meckereien | 04 nov. 2023 | 00:46:01 | |
Um Sonndesmenü stinn haut schmanteg lackeleg Saache wéi Nuddele mat Pesto-Waasser an Alkohol aus dem Biberon. Nieft Gourmet-Froe gëllt et awer och nach d’Peinlechkeete vun der Firmefeier ze klären, e Kostüm fir den 11.11 ze bastelen an dem gudde Lëtzebuerger säi Rassismus auszedreiwen. Natierlech just, wann der dat heiten net verpennt. Ëmmerhi gouf en neie Schlofrekord, opgestallt by yours truly: Sidsel. Vill Spaasszzzzzzzzz. | |||
| Episod 6 - K.O ass ni OK | 28 oct. 2023 | 00:47:01 | |
Besser spéit wéi ni, obwuel an deem heite Fall bestëmmt och Leit soen: "besser ni wéi spéit". Dës Episod ass genee esou wéi d'Cat an d'Sidsel de Weekend: En Ausnamezoustand. Fortlafe vun der Responsabilitéit eng Episod opzehuele war awer keng Optioun, dat maache mer just bei de wierklech wichtege Saachen am Liewen. An och do muss ee soen, haut stelle mir eis der Realitéit... an dem Vaginalpilz... ah jo an dem Hangover. | |||
| Episod 5 - Anuslosegkeet | 07 oct. 2023 | 00:41:52 | |
Et ass Walsonndeg a 50% vun dësem Podcast hunn doru geduecht, déi aner 50% loosse sech excuséieren. Awer natierlech net vun dësem Podcast! Do ginn et keng Excusen, och keng Krankschreiwungen. Esou kämpft Sidsel sech derduerch mat sengem Schnapp an engem klenge groussen Down. An d'Catherine leit ënner Honger a mangelnde Franséischkenntnisser. Wat Anuslosegkeet a Gedokters domat ze dinn hunn? Dat fannt der just eraus wann der lauschtert! | |||
| Special - Déi mat der Bucketlist | 30 sept. 2023 | 00:44:11 | |
Eng Lëscht esou laang wéi déi aktuell physesch Distanz tëscht dem Cat a Sidsel. A genee dowéinst huet missen eng speziell Episod hir, mat äre Bucketlist points awer natierlech och mat hiren! Risiken an Niewewierkungen: D'Verlangen duerno de Koffer ze paken an ze reesen, e Keramik-Kuer ze beleeën oder e Buch ze schreiwen. Villäicht rufft der duerno awer och just beim Psycholog u fir e Rdv auszemaachen, wie weess. Deen deen d'Episod lauschtert, also let's go! | |||
| Episod 4 - "Dat schneide mer raus" | 23 sept. 2023 | 00:52:28 | |
Heiansdo kommen d’Sidsel an d’Cat sech vir wéi am Reality TV. Oder wéi géift dir iech et erkläre wann d’Sidsel mat Pampers op d’Aarbecht geet an d’Cat esou eppes Penibeles erzielt, dass et awer an d’Episod wëll schneide goen? Penibel ass dës Kéier d’Stéchwuert, dat huet sech och d’Technik geduecht. Trotzdeem hunn déi Zwee et hi kritt eng Episod ze produzéieren… oder villäicht och méi? Fir dee reveal musst der bis zum Schluss lauschteren! | |||
| Episod 3 - Shoutout un de Luc | 09 sept. 2023 | 00:50:00 | |
Déi eng paken de Koffer fir an d’Vakanz, déi aner fir ze verkoppelen an nach anerer well et um Cape Vert jo kéint schneien. D’Sidsel kann dat alles vu senger Lëscht sträichen, genee esou wéi e Punkt vu senger Bucket List. D’Cat huet an der Tëschenzäit seng grouss Léift an Italien fonnt, en heescht Pedro a geet op 4 Patten. Nee dat ass kee Kink mee à Propos: Féiss si scho rëm en Thema. PS: Sidd dir eigentlech Meher oder big fat sexy jungle cats? Dat a méi misste mer bis di nächst Episod gekläert hunn, dofir lauschtert séier a slide an d’DMS oder wéi soen déi cool Leit: instagram_lux? | |||
| Episod 2 - Mat Strëmp Richtung Déifpunkt | 26 août 2023 | 00:40:13 | |
Haut gëtt et mol eng éierlech Äntwert op d’Fro „wéi geet et dir?“ a soe mir sou, d’Cat an d’Sidsel nenne sech net fir näischt „Queens of Meh“. Firwat d’Sidsel ausserdeem iwwerleet berufflech vu Fësch- op Strëmppartyen ëmzeklammen an d’Cat am Slip viru senger Wunneng stoung, kläre mer an dëser Episod. Klammt ran an haalt iech un, et geet biergof. Dem Sidsel ass awer op dëser Plaz dann nach wichteg ze erwänen, dass et och en Héichpunkt gëtt, hatt hat nämlech Recht a kann elo offiziell besser Lëtzebuergesch wéi d’Cat. | |||
| Episod 1 - Vill plakeg Haut fir eng éischt Episod | 12 août 2023 | 00:42:44 | |
De Podcast mam Melanie a Sidsel - oder awer mam Cat a Sidsel? Wat soll ee soen, am Wellness kann ee mol sou entspanen, dass een alles ronderëm sech vergësst. Virun allem den Alldag sollt de Weekend hannert sech gelooss ginn an dofir dauchen d'Queens of Meh an dëser Episod net just an den Aperol mee och an d'Salzbecken am Nacktberäich an. Obwuel do méi op- wéi ënner-gedaucht ass. Zimmlech fräizügeg fir eng éischt Episod mee keng Angscht et ass kee Vid-, "just" e Podcast. A firwat dee sou eng laang Waardezäit hat, firwat d'Sidsel Partye fir Fësch schmäisst an d'Cat Angscht virum Hamam huet, dat gitt dir an der éischter Episod gewuer. | |||
| Teaser "Queens of Meh" | 08 août 2023 | 00:11:18 | |
3...2...1 🚀 Launch! E klenge Schratt fir d'Mënschheet, e grousse Schratt fir d'Cat an d'Sidsel! Keng Angscht, et ass keen op d'Iddi komm déi Zwee an de Weltraum ze schécken, ma trotzdeem hu se eng Missioun a probéieren hire Wee am Liewen, wéi och an der Podcastwelt, ze fannen! Dee leeft mol méi, mol manner riicht an dir kënnt dobäi sinn! D'Missioun mat Kroun start hei: Lauschtert eran wat iech erwaart an decidéiert selwer ob dir fir déi zwou Queens of Meh prett sidd! P.S.: Wat déi Zwee net an der Intro um Schierm haten, fannt dir awer elo op ären Ecranen. Hei ass den Insta Profil vun de Queens of Meh: | |||