Back

Explore every episode of the podcast Pattcast – De Podcast iwwert Déieren

Dive into the complete episode list for Pattcast – De Podcast iwwert Déieren. Each episode is cataloged with detailed descriptions, making it easy to find and explore specific topics. Keep track of all episodes from your favorite podcast and never miss a moment of insightful content.

Rows per page:

1–20 of 20

TitlePub. DateDuration
Episod 17 - Éischt-Hëllef beim Hond a bei der Kaz, 26/07/202426 Jul 202400:17:35
Wéi soll een am Noutfall reagéieren?

An der aktueller Episod vum Pattcast hu mir zesumme mat der Corinne Bormes iwwer d'Éischt-Hëllef beim Hond an der Kaz geschwat; si ass Infirmière vétérinaire. Mir hu si ënner annerem gefrot, wéi een an engem Noufall reagéiere soll, wat an eng Éischt-Hëllef-Trousse gehéiert a firwat filmen a verschiddene Situatiounen hëllefräich ka sinn.
Episod 16 - Fellfleeg, 17/06/202417 Jun 202400:26:51
De Pelz vun Hond a Kaz richteg fleegen

De Pelz vun eise Véierbeener, Hond a Kaz, soll net nëmmen am Fréijoer oder am Hierscht gefleegt, mee dat ganzt Joer iwwer. Wisou dat sou wichteg ass a wéi een dat richteg mécht, gesi mir an dëser Episod vum Pattcast. Invitée am Studio dofir war d'Déierecoiffeuse Stéphanie Flammang.
Episod 7 - Wéi gëtt geziicht?, 01/09/202201 Sep 202200:41:26
D'Anouk ziicht Chihuahuaen a verréit op wat et ukënnt.

Beim Ziichte vun Hënn gëtt et munches op dat een oppasse muss. Et ass e laange Wee, ier een op enger Ausstellung ka matmaachen.
Episod 6 - Den Aquarium, 21/06/202221 Jun 202200:50:17
Den Alain coacht Leit déi Hëllef bei hirem Aquarium brauchen

Wat muss ee wëssen, wann ee sech wëll en Aquarium uschafen a wat sinn d'Challengen?
Episod 5 - Wéi intelligent kënnen Hënn sinn, 28/04/202228 Apr 202200:38:23
De Sascha kennt sech mat Hënn aus

Wéi intelligent ass en Hond? Gëtt et dat iwwerhaapt a wéi muss ee sech dat virstellen. An dëser Episod gi mer méi am Detail dorop an.
Episod 4 - Mir ware mam Päerd ënnerwee, 03/03/202203 Mar 2022
Elodie huet seng Passioun fir Päerd entdeckt

An dëser Episod si mer méi am Detail op Päerd agaangen. Wat muss ee wëssen, wat kascht e Päerd am Ënnerhalt. D'Elodie konnt eis e Lidd dovu sangen
Episod 3 - Ernierung bei Hënn, 02/02/202202 Feb 202200:57:15
Natascha Schmitz ass Hondsberoderin a weess wat de Mupp an den Napf kréie soll.

Dréchefudder, Naassfudder oder awer villäicht Barf. A wat mécht een wann den Hond Allergien huet a wéi hëlt en am beschten of. Natascha Schmitz ass Ernährngsberoderin fir Hënn an huet op dës an aner Froen eng Äntwert.
Episod 2 - Verhalenstherapie bei Kazen, 17/01/202217 Jan 202200:39:40
Claudia Klasen kennt sech mat Kazen aus

Genee wéi bei den Hënn och, kann en Negatiivt-Verhale bei Kazen therapéiert ginn.
Episod 1 - Mir ginn an d'Hondsschoul, 03/01/202202 Jan 202200:31:20
An der éischter Editioun stelle mer Iech de Claude Fries vir

De Claude huet eng Hondsschoul a verréit eis, wei hie schafft a wat en Hond senger Meenung no dierf a wat net.
D'RTL-Déierendoktesch Romi Roth huet fir all déi e gudden Tipp parat, déi sech en Hond ugeschaaft hunn oder dat nach wëlles hunn.
Episod 15 - Papageien, 23/04/202423 Apr 202400:26:37
Den Dr Carlo Manderscheid, eisen Invité, ass ënnert anerem op Papageie spezialiséiert

Zesumme mam Déierendokter huele mir dës eenzegaarteg Déieren ënnert d'Lupp, kucke wéi ee se hale soll, op wat ee bei der Ernärung oppasse soll, wéi ee se beschäftegt a gesond hält.
Episod 14 - Reptilien a Spannen, 07/03/202407 Mar 2024
Aartgerecht Haltung vun de Schlaangen, Spannen, Bartagamen, Deckelsmouken a Co

An dëser Episod thematiséiere mir, zesumme mam Veterinär Jeff Schreiner, d'Reptilien an d'Spannen. Hie schafft am "Haus des Meeres" zu Wien mam Schwéierpunkt Exoten a wëll Déieren. Mir ginn ënner anerem gewuer wou hier déi Faszinatioun vun de Leit fir dës Déiere kënnt, wéi ee Reptilien a Spannen aartgerecht hält a wéi ee reagéiere soll, wann een zum Beispill eng Schlaang oder eng grouss Spann an der Natur fënnt.
Episod 13 Wann de Mupp fortgelaf ass, 14/12/202314 Dec 2023
Wat soll een da maachen?

Zesumme mam Tanja Forette vun de Sichhënn.lu, hunn d'Nicky Soisson an d'Sandra Mélan d'Fortlafe vun den Hënn thematiséiert. Wéi soll ee virgoen, wann de Mupp sech aus dem Stëbs gemaach huet respektiv wéi kann een dëst sou gutt wéi méiglech versichen ze verhënneren besonnech elo fir d'Feierdeeg.
Episod 12 - Allergië beim Hond a bei der Kaz, 28/11/202328 Nov 202300:15:55
Wat kann hëllefen?

Allergië ginn et net nëmme bei eis Mënschen, mee och Hënn respektiv Kaze kënne mat Allergië geplot sinn. Esou wuel déi klassesch wéi och déi alternativ Medezin bidden hei eng jett Behandlungsméiglechkeeten, déi sech iwwregens och gutt matenee verbanne loossen. Explikatiounen hu mir engersäits vum Pascal Kemp vun der Vitalschnuffen asbl an anerersäits vum Veterinär Rawad El Khoury.
Episod 11 - Kanéngercher, 11/10/202311 Oct 202300:18:19
Dr Laurence Palleva ass Veterinärin a behandelt och vill Kanéngercher

Zesummen mat der Dr Laurence Palleva schwätzen d'Nicky Soisson an d'Sandra Mélan iwwer d'Kanéngercher, ënner annerem iwwer hir Gesondheet, wéi ee mierkt, wa se krank sinn, respektiv wat se ze friesse solle kréien a wat net.
Episod 10 - Therapieméiglechkeete bei de Päerd, 07/09/202307 Sep 2023
Dës Kéier dréit sech am Pattcast, mam Sandra Mélan a mam Nicky Soisson, alles ronderëm d'Päerd.

Invitée ass d'Sandrine Bordang, Déierendoktesch déi sech op d'Päerd spezialiséiert huet. Mat hier zesumme hu mir déi geleefeg Pathologien an och verschidden Therapieméiglechkeeten ugeschwat.
Episod 9 - Verhalensstéierunge bei Kazen, 08/08/202308 Aug 202300:24:11
D'Nicky Soisson an d'Sandra Mélan schwätzen dës Kéier iwwer Verhalensstéierunge bei de Kazen

Wéi eng Verhalensstéierunge ginn et bei de Kazen? Wat kënnen d'Ursaache sinn a wéini soll ee sech Hëllef siche goen? Dës an nach vill aner Froen hu mir dem Michèle Braconnier gestallt. Si ass Veterinärin an huet Verhalensmedezin studéiert.
Episod 8 - Welpen, 06/07/202306 Jul 2023
An dëser Episod vum Podcast “Pattcast” mam Nicky Soisson a mam Sandra Mélan geet et ëm d’Thema Welpen.

Wat gëllt et am Virfeld ze organiséieren, wéi eng Reponsabilitéiten bréngt et mat sech a wéi gesäit den Alldag mat engem Mupp aus?
Dat alles an nach vill méi gitt Dir an der Neioplag vum Pattcast gewuer. Lauschtert bis eran!
Episod 20 - Arthrose bei Hënn, 16/12/202416 Dec 202400:13:35
Wéi kann ech mengem Hond hëllefen?

Mat eiser Invitée, d'Géraldine Flammang, kucke mir wat Arthrose genee ass, wéi een erkennt datt de Mupp betraff ass a wat een alles maache ka fir en ze ënnerstëtzen.
Episod 19 - Ernärung bei de Kazen, 15/11/202415 Nov 2024
Wéi ernären ech meng Kaz richteg?

Kazen ticke bekannterweis dacks e bëssi anescht wann et ëm d'Ernährung geet. Op wat een oppasse soll beim Fudder fir Kazen, wat ee maache ka wann den Tiger glott ass a wéi ee seng Kaz dozou kritt genuch ze drénken, erkläert eis Invitée Corinne Bormes déi sech mam Thema auskennt.
Episod 18 - Déierepensiounen, 15/10/202415 Oct 202400:16:19
Wéi erkennt een eng seriö Déierepensioun?

Dës Kéier hu mir d'Bérit Majeres vum Service Bien-être de l'animal vun der ALVA bei eis op Besuch. Zesumme kucke mer op wat een oppasse soll wann een eng Déierepensioun sicht, wéi een eng seriö a gutt Pensioun erkennt a wéi ee sech soll uleeë wann ee säin Déier déi éischt Kéier an d'Pensioun gëtt. Op där anerer Säit interesséiere mir eis awer och dofir wat een alles maache muss fir eng Pensioun fir Muppen oder Kazen opzemaachen.
© My Podcast Data · Independent project · Data from Apple & Spotify