Back

Explore every episode of the podcast Menoplay

Dive into the complete episode list for Menoplay. Each episode is cataloged with detailed descriptions, making it easy to find and explore specific topics. Keep track of all episodes from your favorite podcast and never miss a moment of insightful content.

Rows per page:

1–4 of 4

TitlePub. DateDuration
#3 Keng kleng Männer12 nov. 202600:46:11
Schwindel, Panikattacken, eng Middegkeet, déi net ophält – an d'Äntwert an der Praxis : "Dir sidd jo nach jonk." Vill Frae ginn net eescht geholl, lafe vun engem Dokter bei deen aneren a kréie Schlofmëttel, Antidepressiva oder Antibiotiquen opgeschriwwen – mee keng Diagnos. Firwat ass et esou schwéier, d'Perimenopause ze erkennen? Dat freet d'Ilana sech an der drëtter Episod vu Menoplay – a sicht no Léisungen. D'Sabrina gouf an der Menopause-Klinik mat enger Minipëll heemgeschéckt. D'Milène huet sech am Endeffekt selwer informéiert a seet haut, dat hätt si gerett. An d'Dr. Susanne Folschette-Tomaszewski huet als Generalistin hir eege Symptomer am Ufank net erkannt – haut setzt si sech mat Lëtz Menopause dofir an, datt et anere Frae besser geet. De Gynekolog Dr. Vincent Massard erkläert, firwat eng Bluttanalys dacks net weiderhëlleft. D'Diane Elsen vu Lëtz Menopause erzielt, wéi en Netz vun Dokteren entstoe soll, déi sech mam Sujet auskennen. D'Isabelle Schmoetten vum CID Fraen an Gender fuerdert méi Fuerschung, déi all Fraen am Bléck huet. An d'Ministesche Martine Deprez a Yuriko Backes sinn sech eens: Frae si keng kleng Männer.
#2 Maach eng Party29 oct. 202600:35:25
Wat huet d'biologesch Auer mat der Menopause ze dinn? Méi wéi een denkt. Et ass nämlech déi selwecht Auer, just um Enn vun hirer Zäit. An der zweeter Episod vu Menoplay geet d'Ilana der Fro no, wéini de richtege Moment ass, fir sech mat der Menopause auserneenzesetzen – a wat een haut scho ka maachen, fir méi gutt doduerch ze kommen. D'Trixie huet mat 39 op eemol seng biologesch Auer ticken héieren. D'Valérie hat geduecht, hire Kierper wier an der Menopause – néng Méint méi spéit koum hire Jong op d’Welt. An d'Anouk, 29, mécht sech ganz aner Gedanken: iwwer Verhütung, Zyklus a firwat een d'Menopause eigentlech sollt feieren. Fir d'Anuerdnung suergen de Gynekolog Dr. Vincent Massard, d'Hausdoktesch Dr. Hacer Akkuzu an d'Dieteticienne Diana Reid. Si erklären, wat der Mamm hir Menopause iwwer déi eege verréit, firwat een am beschte mat 40 mam Muskeltraining ufänkt – a firwat Ernärung net perfekt muss sinn.
#1 Wat leeft, wann et net méi leeft15 oct. 202600:35:16
Vapeuren, kloer. Mee Oueren, déi bäissen? Hänn, déi kribbelen? Péng an de Gelenker, wann ee moies erwächt? D'Menopause huet méi Gesiichter, wéi déi meescht denken. Bis zu 100 Symptomer ginn domat a Verbindung bruecht – an déi heefegst dovun si psychesch. D'Ilana ass 21 Joer al a weess eigentlech näischt iwwer d'Wiesseljoren. Dofir fänkt hatt als Host ganz vu vir un: Wat geschitt iwwerhaapt hormonell am Kierper? Wat ass den Ënnerscheed tëscht der Perimenopause an der Menopause? A firwat fillt et sech fir verschidde Fraen u wéi eng zweet Pubertéit? Äntwerte kréie mir vu Fraen tëscht 21 a 64 Joer, déi oppen doriwwer schwätzen: vun extreemer Middegkeet, Nuechten ouni Schlof an dem Gefill, den eegene Kierper net méi ze kennen. Fir dat Ganzt anzeuerdnen, hëllefen eis d'Generalistin Dr. Hacer Akkuzu an de Gynekolog Dr. Vincent Massard. Si erklären, wat genee am Kierper geschitt a firwat keng Menopause wéi déi aner ass.
Menoplay - Trailer01 oct. 202600:02:06
Vapeuren… Brain Fog… Déi läscht Bluddung. Dat alles si Begrëffer, déi mir mat der Menopause verbannen. Ma wat bedeiten d'Peri-Menopause an d'Menopause konkret fir jiddereen, dee vun de Wiesseljoere betraff ass? Wéi ënnerstëtzt ee si an där Liewensphas am beschten? A wou hapert et zu Lëtzebuerg nach u Support? Genee déi Froen beäntwert de Lëtzebuerger Journal mat dësem Podcast. Mir hu mat betraffe Leit a mat Expert*innen aus der Santé an aus der Politik geschwat, mam Zil, de Sujet vun der Menopause ze enttabuiséieren a Fraen ze empoweren. Mir weisen: D'Menopause ass keen Enn, et ass eng nei Etapp. Menoplay – e Podcast vum Lëtzebuerger Journal.
© My Podcast Data · Independent project · Data from Apple & Spotify