Back

Explore every episode of the podcast Méi wéi Sex

Dive into the complete episode list for Méi wéi Sex. Each episode is cataloged with detailed descriptions, making it easy to find and explore specific topics. Keep track of all episodes from your favorite podcast and never miss a moment of insightful content.

Rows per page:

1–50 of 164

TitlePub. DateDuration
#152: Op Aenhéicht trotz Ënnerscheeder – Hierarchien a Bezéiungen01 Nov 202400:41:47

Obwuel mir probéieren, a Bezéiungen op Aenhéicht ze sinn, ginn et dacks Muechtënnerscheeder. Ob a Frëndschaften oder Koppelen, dacks sinn et Facteure wéi Alter, Suen oder Wëssen, déi fir Hierarchië suergen. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wéi si mat esou Hierarchien ëmginn a wat si maachen, fir se auszegläichen. Si diskutéieren net nëmmen iwwert ee finanziellen Ausgläich, mä och iwwert Fro, ob et méiglech ass, säin*seng Chef*in ze daten. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwert Chemsafe.

Wann Iech dës Episod gefall huet, deelt se mat aneren. Denkt och drun, eis op äre Podcastplattformen wéi Spotify oder Apple Podcasts ze followen an ze bewäerten. Dir kënnt eis och op Instagram, Tiktok, Facebook a Youtube followen.

#151: Dsau, dsa an aner Obscénitéiten – Sprooch a Pronomen18 Oct 202400:59:34

An eisen Episoden ass munchen vun eise Nolauschter*innen bestëmmt schonn opgefall, dass mäer als Méi Wéi Sex Team d'lëtzeboier Sprooch heinsdo aanecht gebrauchen wéi se geleefeg benotzt gëtt. Mäer benotzen oft gendersensibel Sprooch, an adaptéieren d Sprooch domat zu eise Besoinen.

An dëser Episod schwätzen de Joël, den Elie an d*e Robin iwwer hire Sproochgebrauch an diskutéieren hir Usiichten. Och schwätzen si iwwer Pronomen, a wéi gendersensibel Sprooch a Pronomen am Lëtzeboieschen kënnen ëmgesat ginn.

An der Rubrik schwätzt Kelly doriwwer wéi een*t zum Orgasmus komme kann.

Robin erklärt firwat een*t den H-Slur net benotze sollt: Eng gutt Fro: Wat ass Intergeschlechtlechkeet?

#142: Keng Persoun déi wëll, kee Bock, an elo? – Kee Sex hunn03 May 202400:54:13

Et gi Momenter am Liewen, do huet een*t kee Sex. An dat net ëmmer ganz fräiwëlleg an och net ëmmer ganz glécklech. Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod doriwwer wat dat mat eis mécht a wat fir Grënn et ginn, kee Sex ze hunn.  Si erzielen, wéi eng wichteg Erkenntnis dobäi hëllefe kann, eng Zäit ouni Sex ze akzeptéieren a wat fir Méiglechkeeten et gëtt, vir erëm méi Sex ze hunn – oder awer, wéi een*t Alternative fanne kann. An an der Rubrik erkläert den Elie eis, wat Intimpiercingen sinn a wat fir verschiddenen Zorten et ginn.

Interessant Links: MwS Episod #75 iwwert Dauer vu Sex MwS Episod #69 iwwert Asexualitéit MwS Episod #126 iwwert Demisexualitéit Come As You Are vum Emily Nagoski

#051 Toxesch Relatiounen & Frëndschafts-Schlussmachen24 Jan 202000:34:01

D’Kelly an Tessie vun der eischter Staffel, schwätzen iwwer toxesch Relatiounen a Frëndschafts-Schlussmaachen. Wéi ënnerscheet een toxesch Bezéiunge vun net-toxeschen? Wéi geet een domat em, wann een sech an enger Bezéiung oder Frëndschaft net méi wuel fillt? An der Rubrik geet et em Herpes, en Virus deen onberechtegterweis en Tabu Thema ass.

#050 BDSM10 Jan 202000:46:56

Bei BDSM denken déi meescht un Leit a Lack a Lieder, déi sech an däischtere Kelleren auspeitschen. Mä BDSM ass vill méi. Vill vun eis si vill méi kinky, wéi se vläicht denken. D‘Kelly an de Joël schwätzen doriwwer, wat fir verschidde Forme BDSM kann hunn a wisou et enorm sexy ka sinn, sech ze ënnerwerfen oder eng Persoun ze dominéieren. An der Rubrik froe mer eis: Wat sinn d'Grënn fir ongewollt physesch Péng beim Sex? Hei nach ee Video iwwert d'Ampelsystem, wat an der Episod erwähnt gëtt: https://vimeo.com/383529632

#049 Witzer iwwer Sexualitéit27 Dec 201900:29:45

Vum Schenkelklopfer bis bei d’Laachkris. Den Effekt vun engem eenzege Witz ka villfälteg sinn. E kann encouragéieren oder op en aktuelle Problem an der Gesellschaft hiweisen. Oder einfach just blesséieren. D’Anne a de Mateiu hunn sech duerch d’Internet geklickt an dobäi Héichten an Déiften a Punkto sexuellen Humor entdeckt, déi Si an der neier Folleg ausernee plécken. Biller, iwwert déi an der Sendung geschwat gëtt:

An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Sexualitéit, Kriibs, a wéi dës Krankheet d’Sexualitéit vun de Betraffenen a vun de Partner-inn-e beaflosse kann.  

#048 Sproochen beim Sex13 Dec 201900:31:22

Spuenesch, Franséisch oder dach Lëtzebuergesch mat Éisleker Accent – wat ass déi sexiest Sprooch? D'Anne an de Joël schwätzen iwwert Schwätze beim, virum an nom Sex. Wéi wichteg ass verbal Kommunikatioun a wéi verännert se sech, wann een*t eng aner Sprooch schwätzt wéi seng Sexualpartner*innen? Ausserdeem Breaking News: Brëscht hunn och en Zyklus - lauschter dozou d’Rubrik!

Quell Rubrik: https://www.facebook.com/pg/givingthetalk/

#047 Let’s talk about HIV29 Nov 201900:30:02

Den 1. Dezember ass Welt-AIDS-Dag. De Joël schwätzt dofir an dëser Episod mat sengem Gaascht Kim vun der HIV-Berodung iwwert den HI-Virus an d‘AIDS-Erkrankung. Wéi eng Methode ginn et, fir sech ze schützen, a wat huet mat deenen néien Traitementer wéi PEP a PrEP op sech? Si schwätzen awer och doriwwer, wéi et ass, wann een sech teste léisst a wéi d‘HIV-Berodung den HIV-Test aus dem Supermarché gesäit. Donieft ass d‘Homofeindlechkeet, déi nach ëmmer mam Thema HIV verbonnen ass, genee esou een Thema. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwert d'US-Amerikanesch Komikserie Big Mouth, déi säit 2017 op Netflix leeft a wou grad déi 3. Staffel erauskomm ass. Et geet an den insgesamt 31 Episoden em de Chaos deen ee “Pubertéit” a sexuell Entwécklung nennt. Mir soen: 9 vun 10 Punkten - absolut kuckenswäert. Hei nach puer Infos: - Leckduch aus engem Kondom bastelen: http://www.queerpgh.com/sex-ed-101-dental-dams/ - Wou a wéi kann ech mech zu Lëtzebuerg teste lossen? : dimps.lu - Geschicht vun der queerer Community an Zesummenhang mat AIDS: https://www.nbcnews.com/feature/nbc-out/lgbtq-history-month-early-days-america-s-aids-crisis-n919701

#046 Sexgeräischer & Audioporn15 Nov 201900:29:14

Stöhnen, quiitschend Better, Flutsche … Sex ass meeschtens net immens lues. De Joël, d'Anne an d'Kelly ënnerhalen sech an dëser Episod zu dräi iwwer all méiglech Geräischer beim Sex. Dës Kéier gëtt et keng Rubrik, mä dowéinst awer 29 Minutte laang een auditiven Dräier zu Audioporn, Faken, Verstäerken an Ënnerdrécke vu Geräischer, déi d'Loscht verstäerken oder verklengeren. En plus kläre mir endlech de Mystère, wat et mat Risotto a Sex op sech huet.

#045 Petting01 Nov 201900:28:00

An dëser Episod schwätze Kelly an de Joël iwwer "Petting". Wat heescht dat? Ass dat scho Sex? oder ass dat einfach en anert Wuert fir Virspill? An zum Schluss an der Rubrik en „How to: Wat well ech?”, wou d'Kelly Iech Tipps gëtt wéi een zesummen oder eleng seng Virléiften an seng Grenzen erausfannen kann. Dozou och hei ee klenge Link: http://queertopia.blogsport.de/images/JaNeinVielleichtListe.pdf

#044 Sex op ëffentleche Plazen18 Oct 201900:29:15

An da zweeter Folleg vun der 2ter Staffel diskutéiere Kelly an Anne iwwert wéi, firwat a wou Sex op ëffentleche Plazen interessant, spannend a munchmol awer och komesch oder komplizéiert ka sinn. An wei gewinnt gëtt et zum Schluss eng Rubrik. Hei erzielt eis den Elie alles wat een iwwert dat speziellt Organ "Prostate" wësse soll.

#043 Staffel 2. Neit Team, Nei Stëmmen!04 Oct 201900:29:40

Wëllkomm an der 2ter Staffel vun „Méi wéi Sex“! Dat neit Team stellt sech vir: Kelly, Joël, Anne, Mirka, Elie, Mateiu. Ween mécht wat, wat sinn hier Virléiften a wat gëtt et wärend der 2ter Staffel alles ze héieren? Dat gitt dir an dëser éischter Episod gewuer. An zum Schluss gëtt et eng „How To“ - Rubrik iwwert „Gruppesex“! Lauschtert eran!

#042 Réckbléck op déi éischt Staffel30 Jul 201900:25:12

D'Kelly an d'Tessie kucken zeréck op déi éischt Staffel, ginn op Feedback an, schwätzen iwwer hier Liiblingsfolgen, wéi eng Themen nach net dru komme sinn a kucken an d'Zukunft.

#141: Cu oder Byebye? – Verhütung mat der Kofferspiral19 Apr 202400:53:18

D*e Robin huet Angscht viru Kofferdéiwer - wéi dat?! Ganz einfach: d*e Robin benotzt e Koffer IUD zur Empfängnisverhütung, an dat säit 5 Joer. Während d'Thema Kofferspiral vun Zäit zu Zäit opkënnt, wësse vill Mënschen zimmlech wéineg iwwer dat awer scho relativ aalt Verhütungsmëttel - an oft nach manner iwwer seng néi Re-erfindungen! An dëser Episod freet de Joël d*e Robin aus: iwwer déi verschidde Formen vun der Verhütung mat Koffer, wéi sou e klenge Metalldrot amfong eng Schwangerschaft verhënnere soll an iwwer dem Robin seng Erfarungen mat dëser Verhütungsmethod. Dës Episod ass dann och Deel vun enger neier Serie iwwer Erfarungsberichter mat verschiddene Verhütungsmëttelen. Wann s du deng Erfarungen mat eis op der Antenn deele wëlls, da schréif eis op sex@ara.lu oder kontaktéier eis iwwer social media. :)

An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Selbstkritik a kulturelle Kontext.

Shownotes: Infos iwwer d'Kofferspiral Kofferspiral fir jonk Mënschen Infos iwwer d'Kofferketten Infos iwwer de Kofferball Dem Kelly seng Rubrik iwwer thermesch Verhütung

#041 Pubertéit08 Jul 201900:33:37

D’Kelly a säi Gaascht d’Ruth schwätzen iwwer Pickelen, cool sinn, déi éischt Masturbatiounserfahrungen, Geschlechtsufuerderungen an nach vill méi.

#040 Musek beim Sex28 Jun 201900:25:13

An dëser Folleg dréit sech alles ëm Musek: Musek beim Sex, beim Masturbéieren an an der Bezéiung. D'Tessie an de Joël schwätzen iwwer schéin wéi och manner schéin Erfahrungen.

#039 Intim-Hygiène24 Jun 201900:31:53

Wat gehéiert alles zu Intim-Hygiène? Ass et schlëmm, wann een de Genitalgeroch vu sengem Partner oder senger Partnerin net gär huet? D'Kelly huet mat eisem Gaascht dem Ruth iwwert eegen Erfahrunge, Intimseefen, Oralsex, Sextoys an nach vill méi geschwat.

#038 Frëndschaft “Mann/Fra”?07 Jun 201900:26:54

Kënne Männer a Fraen enk Frëndschafte mateneen hunn, ouni dass et komplizéiert gëtt? D'Kelly an d'Tessie schwätzen iwwer hier Erfahrungen. An der Rubrik dréit sech alles ëm Squirten.

#037 Dating03 Jun 201900:30:38

Wat ass d’Definitioun vun engem Date? A wéi ënnerscheed sech monogamt vun net-monogamen Daten? Äntwerten op dës Froen ze fannen, ass net sou einfach wéi ee menge kéint...

#036 Dirty Sex27 May 201900:29:28

Wa Leit vu sech behaapten, knaschtege Sex ze hunn, wat menge se domat? Séieren, onperséinlechen Sex? Ongewéinlech Stellungen? Rollespiller? Dirty Talk? Wat ass den Ennerscheed zu sougenanntem "Blümchensex"? D'Kelly an d'Tessie hu probéiert et rauszefannen.

#035 Self-Care20 May 201900:28:32

Fir säin Alldag kierperlech a psychesch gutt ze iwwerstoen, ass et wichteg, Self-Care ze maachen. Mä wat ass dat iwwerhaapt a muss een dofir ëmmer Suen ausginn? D’Kelly an d’Tessie hunn iwwer hier Erfahrunge geschwat. An der uschléissender Rubrik dréit sech alles ëm déi éischte Kéier.

#034 Bisexualitéit13 May 201900:27:58

Vun alle sexuellen Orientéirungen ass Bisexualitéit wahrscheinlech déi, déi am heefegste vergiess oder mëssverstane gëtt. D'Tessie huet mat sengem Gaascht, dem Joël, iwwer Virurdeeler an de Mangel u bisxueller Personnagen geschwat. An der Rubrik dréit sech alles ëm sexuell iwwerdrobar Krankheeten a wéi een et vermeide kann, sech oder anerer unzestiechen.

#033 Grenzen zéien09 May 201900:29:47

Egal ob a Frëndschaften, an der Famill an enger Bezéiung, beim Sex oder mat Friemen - d'Grenzzéiunge vun anere respektéieren ass ëmmer wichtg. D'Kelly an d'Tessie hunn doriwwer geschwat, wéieng Zorte vu Grenzen et ginn, wourun ee se erkennt a wéi ee se kommunizéiere kann.

 D'Aarbechtsbuch fir beim Grenzesetzen ze hëllefen: Les Migras (2018)

#032 Frëndschaft no Trennung30 Apr 201900:29:48

Ass et eng gutt Idee, vun enger Bezéiung op eng Frëndschaft iwwerzegoen? Wat ass, wann déi eng Persoun dat wëll an déi aner net? A wéieng Schwieregkeete kënnen dobäikommen, wann d’Ex-Persoun eng nei Bezéiung huet? D’Kelly an d’Tessie schwätzen iwwer hier Erfahrungen.

#140: Turnschlappen, Brëscht a Menopause – (kee) Sex am mëttleren Alter?05 Apr 202400:57:14

De mëttleren Alter ass berühmt-berüchtegt - a vill Leit kucken deem Ofschnëtt vum Liewen mat enger gewësser Angscht entgéint. Angscht, dass "déi gutt Zäiten" dann eriwwer sinn, Angscht virun kierperleche Verännerungen, virun engem Verloscht u Sexualitéit. An dëser Episod schwätzt Kelly mat engem ganz besonnesche Gaascht iwwer dëse Liewensofschnëtt: d'Sandra erzielt vu Bestietnisser, Kanner, Brëscht a Sex moies fréih.

An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer MDMA Koppel Therapie.

Shownotes: Podcast „I Weigh“ with Jameela Jamil TED Talk: „The secret to mastering life's biggest transitions“ with Bruce Feiler Emily Nagoski „Come as you are“

#031 Queere Sex23 Apr 201900:25:04

Wat ass queere Sex? Hu queer Persounen ëmmer queere Sex an hetero Leit nie? Deene Froen sinn d'Tessie an d'Kelly nogaangen. An der Rubrik geet et ëm psychesche Mëssbrauch a romantesche Bezéiungen. Literatur: Körper, Sexualität und Beziehung für Junge Trans*menschen (Trans*Rech e.V. 2017)

#030 Dating Apps15 Apr 201900:35:19

D’Lucie an d’Kelly schwätzen doriwwer firwat si Dating Apps benotzen, wéi hier éischt Noriichten am Tinder-Chat ausgesinn, wéini en gudde Moment fir en Date ass an wéi hier rezentest a komeschst Tinder-Geschichten ausgaange sinn.

#029 Liebeskummer11 Apr 201900:36:58

Wéini schwätzt ee vu Liebeskummer a wéi kann een domat ëmgoen? D'Kelly an d'Tessie schwätzen iwwer hier Erfahrungen.

#028 Wuess, Laser, Epilatioun29 Mar 201900:23:24

Niewt Raséieren an Hoerwechmaachcrèmen, ginn et Methoden, déi d'Hoer méi laangfristeg ewechmaachen. Déi sinn awer deier an dinn dacks wéih. D'Anne an d'Tessie tauschen hier Erfahrungen aus. Duerno kommen e puer Tipps vum Kelly zu Handjobs.

#027 Sexgespréicher22 Mar 201900:31:17

Mat wiem an wéi schwätze mir iwwer Sex (oder och net)? A firwat? Mat wiem hu mer ugefaangen iwwer Sex ze schwätzen? Wéi ass et mat Famill, Frënn oder Persoune, mat deene mer Sex hunn? Doriwwer schwätzen den Momo an d’Kelly.

#026 Jongfralechkeet15 Mar 201900:24:25

Wouduerch verléiert ee seng Jongfralechkeet? Ass dat iwwerhaapt wichteg a wat huet d'Jungfernhäutchen domat ze dinn? D'Kelly an d'Tessie hunn doriwwer diskutéiert. An der Rubrik geet et ëm d'Sexualpraktik "Fingering".

#025 Sexuell Belästegung08 Mar 201900:28:02

Wann et drëm geet, sexuell Belästegung ze bekämpfen, läit d'Verantwortung haaptsächlech bei den Täter. Mä wat mécht een, wann ee sou enger Situatioun ausgesat ass? Wéi kann ee sech schützen? A wéi kann een aneren hëllefen? D'Anne an d'Tessie stellen e puer Methode fir. An der Rubrik ass d'Enrica vum Cigale bei Kelly am Studio, fir iwwer seng Aarbescht ze schwätzen.

#024 Hetero, aromantesch, queer?04 Mar 201900:27:44

Wouhier wees ech, wéieng sexuell Orientéirung ech hunn a wéi ech se bezeechne soll? Ass et ok, sech kee Label wëllen ze ginn, also net ze soen, dass een hetero, schwul, bi, asexuell oder wat och ëmmer ass? D’Kelly an d’Tessie soen hier Meenung dozou ass. An der Rubrik geet et em Fellatio, och nach bekannt als: Blosen.

#023 Gesiichtshoer22 Feb 201900:22:01

Hoer um Kënn, op de Baken, um Hals oder iwwer der Lëps... Déi eng hunn et méi, déi aner manner gär, wann aner Leit vun deenen Hoer wëssen. D'Anne an d'Tessie schwätzen iwwer hier Erfahrungen. An der Rubrik mam Kelly geet et ëm Cunnilingus, och nach bekannt als: Lecken.

#022 Verléift18 Feb 201900:29:57

D’Kelly an säi Gaascht d'Ada schwätzen doriwwer, wéi ee mierkt, dass ee verléift ass, iwwer ongewollt Verléiftheet an d’Ënnerscheeder tëscht verléift sinn, verknallt sinn an ee gär hunn. An der Rubrik geet et ëm d'Fro: Brauch een e grousse Penis fir gudde Sex ze hunn?

#139: FOMO, Konsum an d’Britney – Toxic Sex Positivity22 Mar 202400:39:34

Influencer*innen, Partien, esouguer Produiten: Et schéngt, wéi wa jiddereen*t a säi Cousin hautdesdaags sexpositiv wéilte sinn. A wärend déi eng vun de wonnerbaren Orgien erzielen, op deenen si waren, kréien déi aner FOMO, d'Fear of Missing Out. Mä wien decidéiert eigentlech, wat mir net „verpassen“ dierfen? An dëser Episod schwätzen de Joël an d*e Robin iwwert déi toxesch Säit vu Sex Positivity, iwwert déi esoteeresch an essentialistesch Weltbiller, déi sech dacks hannert engem sexpositiven Image verstoppen – an doriwwer, wéi mir selwer entscheede kënnen, wat mir net verpasse wëllen a wat schonn. A wann dir duerno nach net genuch entspaant sidd, schwätzt Kelly an der Rubrik iwwer Stress.

#021 Sex am Film11 Feb 201900:22:03

A bal all Mainstream-Film kënnt eng Sexzeen vir. Mee wat kritt een do iwwerhaapt ze gesinn? A ginn et Saachen, déi nie gewise ginn? D’Anne an d’Tessie deelen hier Andréck. Duerno kläert d’Kelly mat Mythe ronderëm de Penis op.

#020 Sex-Dreem01 Feb 201900:35:20

Wat huet et mat eroteschen Dreem op sech? Wat bedeiten se? Wat schwätzt dofir a wat dogéint aneren dovun ze erzielen? Doriwwer huet d'Tessie mat eisem Gaascht, dem Isabel geschwat. Dëst Kéier gëtt et souguer zwou Rubriken an enger: "Eng Gudd Froo" an "HowTo" Pegging!

#019 Schweessen26 Jan 201900:25:03

Wéivill schweessen ass normal? Wéi kann een domat ëmgoe, wann een d'Gefill huet zevill ze schweessen? D'Anne an d'Tessie hu sech doriwwer hier Gedanke gemaach. Am Kelly senger Rubrik dréit sech alles em de Sextoys.

#018 Frëndschaft oder Bezéiung?18 Jan 201900:28:44

Wat ass den Ënnerscheed tëscht enger Frëndschaft an enger romantescher Bezéiung? Gemeinsam Aktivitéiten, Gefiller, Dauer, Intimitéit!? D'Kelly an Tessie schwätzen driwwer. An der Rubrik geet et ëm Oralsex an doriwwer, wann ee sech weder als Jong nach als Meedchen définéiert.

#017 Sex-Fantasien13 Jan 201900:26:14

Wéieng sexuell Fantasie ginn et - a firwat? Wat hu Fantasien mat der Realitéit ze dinn? Wéi schwätzen ech mat Sexualpartneren iwwert déi Fantasien? Ass et normal beim Sex un aner Leit ze denken?

#016 Menstruatioun II04 Jan 201900:28:27

Binden, Tampon'en, Menstruationsënnerwäsch an -tasen... Wann et drëm geet, d'Reegelblutt ofzefënke stinn engem eng ganz Rei Produkter zur Verfügung. Mir hun der e puer getest a schwätzen driwwer. Duerno erwaard ich eng praktesch Uleedung zu Analsex.

#015 Ech wëll dech këssen28 Dec 201800:25:57

Ëmmer wann et drëms geet, eng aner Persoun fir d'éischt ze këssen, stellen sech déi selwecht Froen: Wourun erkennen ech, ob déi aner Persoun dat och wëll? Wéi ginn ech hier ze verstoen, dass ech si kësse wëll? Wéi soll de Kuss selwer idealerweis sinn? Nodeems d'Anne an d'Tessie iwwer hier Erfahrunge geschwat hunn, erkläert d'Kelly an der Rubrik, wat Sex-Shaming ass.

#014 Net-Monogamie21 Dec 201800:32:32

Wat ass den Ënnerscheed tëscht Net-Monogamie an Polyamorie? Wei kënnen net-monogam Bezéiungen ausgesinn? D'Kelly schwätz mam Lucie driwwer, wéi se dozou komm sinn, net-monogam ze liewen an wat dat alles sou mat sech bréngt. An der Rubrik schwätzt d'Tessie- passend zur Saison - iwwert Chrëschtdagsiessen!

#013 Raséieren14 Dec 201800:23:33

Vun alle Methode fir sech Kierperhoe wechzemaachen ass raséiere wahrscheinlech déi heefegst. Mee firwat eigentlech? A wat huet dat Thema an engem Sexpodcast verluer?

#012 Selbstbefriddegung10 Dec 201800:24:29

Wee masturbéiert a firwat a wéi? D’Anne an d’Tessie hu sech dozou hier Gedanke gemaach. D’Kelly huet sech iwwerdeems fir d’Rubrik “Eng gutt Fro” mat der Klitoris befaasst.

#138: Vu Walrecht, Hausbesetzungen an neie Beweegungen – Feminismus zu Lëtzebuerg08 Mar 202400:48:51

Et ass den 8. Mäerz, de feministesche Kampfdag! Passend zu dëser Occasioun schwätze mäer an dëser Episod iwwer d Geschicht a Géigewaart vum feministesche Kampf zu Lëtzebuerg. An d*e Robin ass dobäi net alleng, mee huet Ada vum Kënschtler*inne Kollektiv Richtung22 am Studio. Ada gëtt dann och e klengen Abléck an d Zukunft vun der lutte féministe am Land.

Shownotes: Megaphone.lu (Website an op Instagram) Fraendag.lu Buch: Mit den Haien Streiten

#011 Wat bass de sou schéin!05 Dec 201800:29:10

Wat vermëttelen eis d’Medien an eist Ëmfeld doriwwer, wat Schéinheet ass? A wéieen Afloss huet dat op eist Selbstwäertgefill? Doriwwer huet sech d’Tessie mat eisem Gaascht dem Lara ënnerhalen. An der uschléissender Rubrik geet et em de Coming-out.

#010 Hey Bebe, gäilen Aarsch!23 Nov 201800:30:17

Vun engem Friemen op der Strooss oder am ëffentlechen Transport ugepakt oder op opdrägelech Aart a Weis ugeschwat ze ginn, hannendrugeruff oder –gepaff ze kréien – eng Erfahrung, déi vill Leit ëmmer nees an hierem Alldag maachen. D’Anne an d’Tessie schwätzen doriwwer wéi si an hiert Emfeld domat ëmgin. Passend dozou erkläert d’Kelly duerno an der Rubrik wéi ee ka Sex hunn, deen op Einvernehmlechkeet a Respekt baséiert.

#009 Vulva, Titten, Penis, Fotz16 Nov 201800:26:51

Firwat soe mir am Podcast eigentlech Penis an net Schwanz? A wat mengen d’Leit genee domat, wa se Muschi soen? Vagina ? Kitzler? Dat Ganzt? Wann et ëm Begrëffer geet, gëtt et séier komplizéiert – d’Kelly an d’Tessie hu probéiert e bëssen Uerdnung an de Chaos ze bréngen. Am Uschloss geet et ënnert anerem ëm Asexualitéit an Aromantik.

© My Podcast Data