Explore every episode of the podcast And One - De Basketpodcast
| Title | Pub. Date | Duration | |
|---|---|---|---|
| #48 - Yves Braun a Max Reuter | 07 mai 2024 | 00:29:11 | |
An der leschter Folleg schwätzt de Bob Hemmen mam Yves Braun a mam Max Reuter iwwert den Opstig vun Avanti Mondorf. De Veräi spillt nächst Saison fir d'éischte Kéier an der LBBL. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #47 - Maik Zirbes | 23 avr. 2024 | 00:33:22 | |
Der ehemalige deutsche Nationalspieler spricht im Podcast über seine Rückkehr nach Trier und die Gerüchte um einen möglichen Wechsel nach Luxemburg. Außerdem erklärt der 34-Jährige, warum er sich in Interviews nie besonders wohlgefühlt hat. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #46 - Vic Heuschling | 09 avr. 2024 | 00:40:03 | |
De Vic Heuschling schwätzt iwwert seng éischt Saison an der Fiels an erzielt, wisou och Zolwer e ganz spezielle Club ass. Ausserdeem verréit hien, wéi et ass, Géigespiller ze behandelen. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #45 - Tessy Hetting | 12 mars 2024 | 00:32:13 | |
D'Ex-Nationalspillerin huet sech am Lëtzebuerger Basket net just um Terrain en Numm gemaach, mee dréit och vill zu der positiver Entwécklung bei der FLBB bäi. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #44 - Ivor Kuresevic | 27 févr. 2024 | 00:37:28 | |
De jonken Nationalspiller huet de Schratt an d’USA gewot a spillt elo zu Wien. Am Podcast schwätzt hien iwwert d’Zäit zu Steesel, säi geplatzten Dram a seng Ambitiounen. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #43 - Lisa Jablonowski | 13 févr. 2024 | 00:40:57 | |
D’laangjäreg Nationalspillerin erënnert sech am Podcast un d’Joren um College an den USA an als Profi an Italien. Ausserdeem erkläert et, wisou et villäicht net méi mam Basket ufänkt. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #42 - Rui Nunes | 30 janv. 2024 | 00:44:16 | |
E Beroder huet mat ville Virurteeler ze kämpfen. Am Podcast erzielt de Rui Nunes, wéi säin Alldag als Agent ausgesäit, wourop hie beim Recrutement oppasst a wat zu Lëtzebuerg am Ëmgang mat de Profie schif leeft. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #41 - Ehis Etute | 16 janv. 2024 | 00:28:20 | |
D'Ehis Etute ass wuel déi talentéiertst Basketspillerin, déi Lëtzebuerg jee hat. An d'T71-Spillerin liwwert net just um Terrain of. D'Ehis erzielt e puer witzeg Anekdoten a verréit, wisou et net onbedéngt an d'WNBA wëll. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #40 - Christophe Flammang | 28 nov. 2023 | 00:47:15 | |
Basket ass dem Christophe Flammang seng grouss Passioun. De Coach vun de Sparta-Männer ass scho fréi Trainer ginn an huet sech als éischt am Jugendberäich engagéiert. No e puer Joer zu Bascharage ass hien op Bartreng zeréckkomm, wou e vill verschidden Aufgaben hat, ier en an Däitschland innerhalb vu kuerzer Zäit esou munches geléiert huet. Am Podcast erzielt de Christophe Flammang, wéi een de Basket hei am Land verbessere kéint. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #39 - Cathrin a Yann Wolff | 14 nov. 2023 | 00:42:32 | |
D'Cathrin an de Yann Wolff sinn net just Geschwëster, mee och allen zwee leidenschaftlech Basketspiller. Am Podcast schwätzen si iwwert hir Kandheet an d'Bedeitung vum Sport am Liewen. Ausserdeem beäntwerten si, wien éischter mol géif en Training verpassen a wien heiansdo e Gebuertsdag vergësst. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #38 - Sam Ferreira | 31 oct. 2023 | 00:33:24 | |
De Sam Ferreira spillt net just an der LBBL fir Mamer, mee och fir d'3x3-Nationalequipe. Am Podcast erzielt hien, wéi et dozou komm ass a wisou him d'Ënnerstëtzung vun der Famill esou wichteg ass. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #37 - Liz Schmitz | 17 oct. 2023 | 00:40:58 | |
D'Liz Schmitz war Profi an huet hei am Land vill Titele gewonnen. Am Podcast bléckt d'Ex-Nationalspillerin net just op hir aktiv Karriär zeréck. D'Liz erzielt och, wisou et haut net just selwer coacht, mee och motivéierten Trainerinnen an Trainer hëlleft. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #36 - Oliver Vujakovic | 03 oct. 2023 | 00:34:42 | |
Den Olivier Vujakovic zielt zu de beschte Lëtzebuerger Basketspiller. Säit leschtem Joer ass hien zeréck am Land a spillt och nees fir Walfer. Am Podcast verréit de Nationalspiller, wéi d'Goldmedail zu Malta gefeiert gouf. Ausserdeem schwätzt hien iwwer seng Originnen a beäntwert zum Schluss e puer Quiz-Froen. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #35 - Virschau op d‘Saison 2023/2024 mam Jenny Zeyen a Jeff Kettenmeyer | 19 sept. 2023 | 00:58:18 | |
D‘Basket-Saison geet endlech nees un. Virum éischte Spilldag beäntwert de Bob Hemmen zesumme mam Jenny Zeyen (Tageblatt) a Jeff Kettenmeyer (RTL) déi wichtegst Froen zum Damme- an Härechampionnat. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #34 - Samy Picard | 09 août 2023 | 00:31:33 | |
De Samy Picard ass schonn zanter 2020 President vun der FLBB. Och no der Corona-Pandemie haten den Ex-Nationalspiller a seng Equipe genuch ze dinn. An der leschter Folleg vun der Saison erzielt hien, wéi e perséinlech mat de villen Diskussiounen eens ginn ass, déi et dës Saison goufen. Ausserdeem äussert hien sech zu aktuellen Themen. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #33 - Jean Kox | 18 avr. 2023 | 00:41:57 | |
No dëser Saison zitt de Jean Kox e Schlussstréch. De laangjärege Nationalspiller trëtt am Alter vun 32 Joer zeréck. Am Podcast erzielt de Kapitän vun de Musel Pikes, wisou en dës Entscheedung getraff huet a wourob en sech elo besonnesch freet. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #32 - Lou Mathieu a Christophe Mertzig | 04 avr. 2023 | 00:37:50 | |
D'Lou Mathieu an de Christophe Mertzig hunn sech duerch de Basket kennegeléiert. Wärend d'Lou zu Contern bei den Damme spillt, ass de Christophe fir d'Hären am Asatz. Am Podcast geet et em d'Roll vum Sport an hirer Bezéiung an d'Zukunft vum Club. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #31 - Philippe Gutenkauf | 21 mars 2023 | 00:39:16 | |
De Philippe Gutenkauf huet e Samschdeg mat der Etzella d'Coupe gewonnen. Am Podcast erzielt den Ettelbrécker, wéi hien dëse speziellen Dag erlieft huet a wéi d'Party nom Match war. Ausserdeem schwätzt de Nationalspiller iwwert seng aner Aufgaben am Veräin an eng iwwerraschend Offer aus Mexiko. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #30 - Lena Mersch | 07 mars 2023 | 00:34:22 | |
D‘Lena Mersch huet déi lescht Joren nieft dem Studium an Éisträich gespillt, elo ass et zeréck am Land a kämpft mat Sparta em Titelen. Am Podcast erzielt d‘Lena, wisou et op Bartreng gewiesselt ass, wéi säin Aarbechtsalldag ausgesäit an ob et sech scho mat der Nationalequipe beschäftegt huet. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #29 - Joe Kalmes | 21 févr. 2023 | 00:39:53 | |
De Joe Kalmes wëll dës Saison mat Diddeleng endlech säin éischten Titel gewannen. Am Podcast schwätzt de Joe awer och doriwwer, wisou ee beim T71 e gewëssenen Drock huet a wéi schwiereg et ass, Polizist a Basketspiller ze sinn. Dobäi ass och seng Gesondheet entscheedend. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #28 - Joy Baum | 29 nov. 2022 | 00:39:51 | |
Säit dëser Saison ass d'Joy Baum als Profi am Ausland aktiv. D'Nationalspillerin erzielt am Podcast, wéi et zum Wiessel op Chemnitz koum a wéi d'Lierwen an Däitschland ass. Ausserdeem schwätzt d'Joy doriwwer, wisou et bei der Arméi bemol Zweiwel krut a wien et schonn ëmmer inspiréiert huet. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #27 - Alex Rodenbourg | 15 nov. 2022 | 00:38:14 | |
Den Alex Rodenbourg huet bal seng ganz Karriär fir Basket Esch gespillt an 2022 dann och säin éischten Titel um Terrain gewonnen. Am Podcast erzielt den Ex-Nationalspiller, wisou en et net emmer einfach hat a wéi eng Tipps en ambitionéieren Nowuesssportler géif ginn. Den Alex schwätzt awer och iwwert e neie Projet, deen him um Häerz läit. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #26 - Peter Rajniak | 01 nov. 2022 | 00:42:57 | |
De Peter Rajniak war selwer jorelang zu Lëtzebuerg an och am Ausland aktiv. Haut hëlleft hien ënnert anerem Basketspiller dobäi, hiere Schoss ze verbesseren. Am Podcast verréit hien e puer Tipps. Duerch seng Leidenschaft huet den Ex-Nationalspiller viru Kuerzem och en NBA-Star getraff. Ausserdeem erzielt de Peter, wéi eng Lëtzebuerger am beschte schéissen. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #25 - Esmeralda Skrijelj | 18 oct. 2022 | 00:37:40 | |
D'Esmeralda Skrijelj huet schon vill erlieft. Nieft de gewonnenen Titelen mat Steesel arennert sech d'Basketspillerin besonnesch gär un d'Asätz fir d'bosnesch Jugendnationalequipe. Am Podcast erzielt d'Esmeralda, wisou et ni wierklech Zäit hat fir duerchzeootmen a wat et elo nach fir Ziler huet. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #24 - Malcolm Kreps | 04 oct. 2022 | 00:35:20 | |
De Malcolm Kreps ass ee vun de gréissten Lëtzebuerger Talenter. An dëser Folleg erzielt hien, wéi seng Zukunftspläng ausgesinn a wéi säi Papp him gehollef huet, esou wäit ze kommen. Ausserdeem verréit de Basketspiller, wien besonnesch schwéier ze verteidegen ass. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #23 - 10 Froe virum Start vum Championnat mam Jenny Zeyen a Jeff Kettenmeyer | 20 sept. 2022 | 00:59:15 | |
Dëse Weekend geet hei am Land de Basketchampionnat nees un. Virum Start beäntweren d'Jenny Zeyen vum Tageblatt an de Jeff Kettenmeyer vun RTL zesumme mam Bob Hemmen déi wichtegst Froen. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #22 - Anne Simon | 17 mai 2022 | 00:41:59 | |
D'Anne Simon huet en Dram. D'Nationalspillerin wëll Profi ginn an ass 2019 mat deem Zil an d'USA gaangen, wou d'Lëtzebuergerin fir d'University of Maine am Asaz ass. Am Podcast erzielt d'Anne, wéi et him do um a nieft dem Terrain gefält. Ausserdeem äussert sech d'Basketspillerin an der leschter Episod vun der Saison zum Drock, mat deem et muss eens ginn an der Méiglechkeet, an d'WNBA ze kommen. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #21 - Christopher Jones | 03 mai 2022 | 00:43:45 | |
De Christopher Jones war jorelaang ee vun de beschte Basketspiller am Land, dunn huet e positiven Doppingtest alles verännert. Nodeems den Ex-Nationalspiller nees ugefaangen hat, gesäit een hien zanter dëser Saison net méi um Terrain. Am Podcast bléckt de Christopher op eng fir hie schwiereg Zäit zeréck, erkläert wéi en haut zum Basket steet an ob e sech virstelle kann, nach eng Kéier unzefänken. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #20 - Jo a Lynn Schreiner | 19 avr. 2022 | 00:39:06 | |
D'Jo an d'Lynn Schreiner sinn net just Zwillingen, mee och Teamkolleeginnen. Déi zwou Ex-Nationalspillerinne si virun der Saison vun Ettelbréck op de Gréngewald gewiesselt. Am Podcast erzielen d'Schwësteren, wéi et dozou komm ass a wisou si mat hirer neier Equipe schonn an der Véierelsfinall vum Championnat erausgeflu sinn. Ausserdeem geet et em hiert besonnescht d'Verhältnis, Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #19 - Chris Dentzer | 05 avr. 2022 | 00:40:42 | |
Als administrativen Direkter vun der FLBB huet de Chris Dentzer genuch ze dinn. Dem 31-Järegen säin Aufgabeberäich geet vun der Organisatioun vun Eventer bis hin zu laangfristege Projeten. Am Podcast erzielt de Chris, wéi en zu dësem Job komm ass, wéi eng Aufgaben him am meeschte Spaass bereeden an u wat aktuell beim Verband geschafft gëtt. Ausserdeem verréit hien zum Schluss, wien de nächste FLBB-President sollt ginn. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #18 - Lou Demuth | 22 mars 2022 | 00:41:08 | |
De Lou Demuth huet mat sengen 22 Joer scho vill erlieft. Den 2,13 m grousse Basketspiller war an der Jugend a Frankräich a Spuenien an dono um College an den USA. Säit dëser Saison spillt de Center nees zu Lëtzebuerg an huet et mat Hiefenech an d'Play-offs gepackt. Am Podcast erzielt de Lou, wéi en haut op déi eenzel Statiounen zeréckbléckt a wisou en heiansdo Drock hat. Ausserdeem verréit hien, wéi eng Remarken zu senger Gréisst besonnesch nerven a wéi en domat ëmgeet, permanent am Mëttelpunkt ze stoen. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #17 - Billie Schulté | 08 mars 2022 | 00:33:48 | |
D'Billie Schulté konnt dëst Joer nach net um Terrain stoen. D'Kapitänin vu Basket Esch misst coronabedéngt eng länger Paus aleeën an hofft elo, esou schnell wéi méiglech nees kënnen ze spillen. Am Podcast erzielt d'Basketspillerin, wisou de Sport schonn ëmmer eng sou grouss Roll fir si gespillt huet, wéi e perfekte Samschdeg ausgesäit a wien am schwéiersten ze verdeedege war. Ausserdeem geet et em d'Bezéiung mam Sébastien Thill, deen dës Saison international bekannt ginn ass. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #16 - Mike Feipel a Yannick Verbeelen | 22 févr. 2022 | 00:41:14 | |
Nationalspiller a Schlësselspiller bei der Sparta: De Mike Feipel an de Yannick Verbeelen sinn zwar nach jonk, am Lëtzebuerger Basket spillen déi zwee Bartrenger awer schonn eng wichteg Roll. Am Podcast erzielen si zwee, wéi et ass, bei der Nationalequipe dobäi ze sinn, wisou hire Veräinstrainer Chris Wulff heiansdo streng mat hinnen ass a wien fréier hir Virbiller waren. Ausserdeem trieden de Mike an de Yannick an engem klenge Quiz géinteneen un. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #15 - Marco Rock | 15 févr. 2022 | 00:37:49 | |
Am Lëtzebuerger Basket ginn et wéineg Persounen, déi esou bekannt si wéi de Marco Rock. De Rocky, wéi den Ex-Nationalspiller genannt gëtt, huet jorelaang um héchsten nationale Niveau gespillt. No der aktiver Karriär ass de Lakers-Fans dem Basket a verschiddene Funktiounen erhale bliwwen. An dëser Folleg schwätzt de Rocky iwwert seng sozial Engagementer, awer och iwwer d'Ënnerscheeder tëschent fréier an haut. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #14 - Charlie Bidinger | 25 janv. 2022 | 00:39:26 | |
An dëser Folleg vun "And One - De Basketpodcast" ass d'Charlie Bidinger zu Gaascht. D'Nationalspillerin erlieft eng staark Saison mat de Musel Pikes an ass esou gutt wéi nach ni. Am Podcast geet em der Basketspillerin hire Wee, Gläichberechtegung an der Berichterstattung a weiblech Virbiller. Ausserdeem ginn et e puer Tipps. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #13 - Philippe Arendt | 11 janv. 2022 | 00:41:17 | |
An der dëser Folleg vun "And One - De Basketpodcast" schwätzt de Philippe Arendt doriwwer, wéi schwéier déi vergaange Saison fir seng ganz Famill war a wisou hien d'Sparta misst verloossen. Ausserdeem erzielt den T71-Neizougang, wat hien hei am Land stéiert a wisou et him näischt ausmécht, als Fan op der Tribün och mol haart ze ginn. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #12 - Misch Engel | 14 déc. 2021 | 00:38:41 | |
An der zwielefter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" ënnerhält sech de Bob Hemmen mam Misch Engel. De Spilleragent schafft haaptberufflech als Infirmier an huet dowéinst genuch ze dinn. Am Podcast erzielt hien, wéi en zu sengem Niewenjob komm ass, wéi den Alldag als Beroder ausgesäit a wisou et net ëmmer einfach ass. Ausserdeem geet et em d'Zukunft vum Ben Kovac an dem Lëtzebuerger Basket. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #11 - Magaly Meynadier | 30 nov. 2021 | 00:39:38 | |
An der eelefter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" schwätzt de Bob Hemmen mam Magaly Meynadier. D'Nationalspillerin ass säit dëser Saison nees zu Saarlouis, wou d'Profikarriär viru fënnef Joer ugefaangen huet. Am Podcast geet et ënnert anerem em d'Zäit an der Arméi an de Sprong an d'Ausland. Ausserdeem verréit d'Basketspillerin, wisou se dës Saison misst emotional iwwersetzen a wien an der Nationalequipe déi beschte Sängerin war. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #10 - Thomas Grün | 16 nov. 2021 | 00:43:43 | |
An der zéngter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" begréisst de Bob Hemmen de Nationalspiller Thomas Grün am Studio. De 26 Joer ale Profi vun Tréier erzielt, wéi et fir hie war, sou fréi an d'Ausland ze goen a wisou en haut manner Drock huet. Ausserdeem schwätzt hien iwwer seng perséinlech Zukunft an déi vun der Nationalequipe. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #9 - Georges Berna | 02 nov. 2021 | 00:45:20 | |
An der néngter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" schwätzt de Bob Hemmen mam Georges Berna. De President vum Racing erzielt, woufir him d'Verständnis feelt, mat wéi enge Probleemer säi Veräin ze kämpfen huet a wéi et fir hie perséinlech weidergeet. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #8 - Cathy Donckel a Joe Greisch | 19 oct. 2021 | 00:50:29 | |
An der aachter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" sinn d'Arbittesch Cathy Donckel an den Arbitter Joe Greisch zu Gaascht. Am Gespréich geet et em si perséinlech, awer och em Virurteeler, Challengen, mat deenen ee konfrontéiert gëtt an d'Rekrutéierung vu jonken Arbitteren. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #7 - Derek a Malik Wilson | 05 oct. 2021 | 00:40:22 | |
An der siwenter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" sinn zwee Bridder zu Gaascht. Den Derek an de Malik Wilson kommen aus enger richteger Basketsfamill. Kee Wonner also, dass d'Jonge vun engem Ex-Profi hei am Land um héchsten Niveau spillen. Am Podcast schwätzen déi zwee Arantia-Spiller iwwer d'Integratioun vun Amerikaner, déi beschte Bridderduoen aus der LBBL an hir Relatioun zu Ettelbréck. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #6 - Virschau op d'Saison mam Jenny Zeyen a Jeff Kettenmeyer | 21 sept. 2021 | 01:21:09 | |
Kuerz virum Start vun der neier Saison ass "And One - De Basketpodcast" zeréck aus der Summerpaus. An dëser Folleg si mam Jenny Zeyen (Tageblatt) a Jeff Kettenmeyer (RTL) zwee Experten zu Gaascht, déi zesumme mam Bob Hemmen ausféierlech iwwer all Equipe aus dem Championnat schwätzen. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #5 - Ken Diederich | 22 juin 2021 | 00:41:36 | |
An der fënnefter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" erzielt de Ken Diederich, wat seng Pläng nom Meeschtertitel mam T71 sinn. Ausserdeem schwätzt de Nationaltrainer an der leschter Episode vun der Saison iwwer d'Problemer vum Lëtzebuerger Basket. De Coach verréit och, wat hie senge Spiller schnell ofgewinnt. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #4 - Jairo Delgado | 15 juin 2021 | 00:44:17 | |
An der véierter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" begréisst de Bob Hemmen de Jairo Delgado am Studio. Nom Aus géint Basket Esch an der Halleffinall vum Championnat ass dem Ettelbrécker seng Karriär eriwwer. Am Podcast erzielt de laangjäregen Nationalspiller, wat hien dës Saison am meeschte genervt huet. Ausserdeem schwätzt de 35-Järegen iwwert seng Roll als Politiker, Rassismus an d'Bezéiung mat enger Ex-Basketspillerin. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #3 - Catherine Mreches | 08 juin 2021 | 00:42:25 | |
An der drëtter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" schwätzt de Bob Hemmen mat enger vun de beschte Basketspillerinnen aus dem Land. D'Catherine Mreches huet sech mat T71 an der Finall vum Dammechampionnat géint d'Résidence duerchgesat. Am Podcast erzielt d'Nationalspillerin, wéi den Dag vum Titelgewënn war. Ausserdeem geet et ëm dem Catherine Mreches säi Beruffswonsch an e Choix, dee misst fréi getraff ginn. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #2 - Ben Kovac | 01 juin 2021 | 00:42:51 | |
An der zweeter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" ass de Ben Kovac zu Gaascht. De jonke Profi verstäerkt Basket Esch bis zum Schluss vun der Saison. Am Podcast schwätzt de Nationalspiller iwwert den Doud vu senger Mamm, d'Zäit an der Arméi an d'Liewen als Profi. Ausserdeem verréit hien, wéi et em seng Zukunft steet. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| #1 - Frank Muller an Tom Schumacher | 25 mai 2021 | 00:46:07 | |
An der éischter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" begréisst de Bob Hemmen zwee vun de beschte Basketspiller, déi Lëtzebuerg jee gesinn huet. No dëser Saison halen de Frank Muller an den Tom Schumacher op. Am Podcast erklären déi zwee Diddelenger, wisou si ni gewiesselt sinn a wat sech an der Kabinn geännert huet. Ausserdeem mussen déi zwee Ex-Nationalspiller am Quiz beweisen, wéi gutt dass si sech kennen. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||
| Teaser | 18 mai 2021 | 00:00:56 | |
Ab dem 26. Mee schwätzt de Bob Hemmen vum "Luxemburger Wort" all Woch mat Gäscht aus dem Lëtzebuerger Basket. Abonnéiert "And One" fir keng Folleg ze verpassen. Méi Informatioune fannt Dir op wort.lu. See omnystudio.com/listener for privacy information. | |||