Explorez tous les épisodes du podcast Status 5 - De CGDIS Podcast
| Titre | Date | Durée | |
|---|---|---|---|
| 6 - Iwwert d'Organisatioun wärend der Canicule (mam Sven Viktor) | 29 Jul 2026 | 00:21:05 | |
An dëser Status5-Episod hu mir eis mam Sven Viktor, Chef de département Bâtiment zesummegesat. Hie war wärend der Canicule am Juni 2026 de Coordinateur vum CGO. Hien zielt eis wéi de CGDIS sech op dës aussergewéinlech Situatioun virbereet huet, wéi eng Demarchen an d'Weeër geleet goufen an, dass de Fonctionnement vum CGDIS, grad wärend enger Canicule, net nëmmen duerch Pompjeeë garantéiert gëtt. | |||
| 5#KOMPAKT - Iwwert de Fonctionnement vun engem CIS (mam Annick Baustert a Serge Steffes) | 10 Apr 2026 | 00:08:51 | |
An dëser KOMPAKT-Episod hu mir d'Annick Baustert, zukünfteg Chef vum CIS Luxembourg an de Serge Steffes, Chef vum CIS Echternach invitéiert. Béid erklären eis wéi d'Aarbecht an engem CIS ausgesäit, wéi en CIS iwwerhaapt funktionéiert a wéi e Pompjee sech an engem CIS ka weiderentwéckelen. Do dernieft gi mer och dem Annick säi perséinleche Parcours gewuer a wéi hat zum Poste vum Chef CIS komm ass. | |||
| 4#KOMPAKT - Iwwert de Parcours vun engem Stagiaire (mam Luciano Da Conceiçâo) | 03 Apr 2026 | 00:07:41 | |
An dëser KOMPAKT-Episod huet de Luciano Da Conceição, Pompjeesstagiaire am éischte Joer, eis iwwert säi perséinleche Parcours gezielt a wéi heen déi éischt Deeg an der Ausbildung erlieft huet. Doriwwer eraus gi mir vun him gewuer, wéi e praktesche Stage an engem Centre d'incendie et de secours (CIS) ausgesäit a wat hie bis elo alles a senger Ausbildung konnt léieren. | |||
| 3#KOMPAKT - Iwwert de Rekrutement vum Beruffspompjee (mam Jeff Zanussi a Sébastien Gemmer) | 24 Mar 2026 | 00:08:10 | |
An dëser KOMPAKT-Episod erklären eis de Jeff Zanussi, Recruteur beim CGDIS an de Sébastien Gemmer, Chef de service vum Développement RH beim CGDIS wéi d'Rekrutementsprozedur ausgesäit fir Beruffspompjee ze ginn, wéi eng Qualifikatiounen ee muss matbréngen a wéi een dann och kandidéiert. | |||
| 2#KOMPAKT - Iwwert d'Ausbildung vum Beruffspompjee (mam Yves Legil) | 24 Mar 2026 | 00:08:42 | |
An dëser KOMPAKT-Episod ass den Yves Legil, Chef de Département Formation de base vum CGDIS, bei eis am Studio. Heen hëlt eis mat hannert d'Kulisse vun der Ausbildung, déi all Beruffspompjee muss duerchgoen. Wéi déi Ausbildung ausgesäit, op wéi eng Situatiounen de Pompjeesstagiaire virbereet gëtt a wéi Asätz beim CGDIS kënnen ausgesinn, gitt der an dëser Episod gewuer. | |||
| 1#KOMPAKT - Iwwert de CGDIS (mam Claude Frantzen) | 24 Mar 2026 | 00:08:49 | |
An dëser KOMPAKT-Episod schwätze mir mam Claude Frantzen, Directeur administratif et financier vum CGDIS, iwwert de CGDIS allgemeng a seng Beruffer an awer och iwwert d'Kreatioun vum nationale Feier- a Rettungscorps a wéi et dozou koum, dass Lëtzebuerg eng Entitéit gebraucht huet, déi déi verschidden Acteuren aus dem Rettungswiesen ënnert een Hutt bréngt. | |||
| Introduktioun zum Podcast | 17 Mar 2026 | 00:01:54 | |
An dëser Introduktioun gitt dir gewuer wat et mam "Status 5 - De CGDIS Podcast" op sech huet, wat iech an den zukünftegen Episoden erwaart an firwat de Podcast iwwerhaapt "Status 5" heescht. Hutt dir Froen zum CGDIS, déi nach ëmmer beäntwert wollt hu bzw. hutt Propose fir zukünfteg Theme fir de Podcast? Da schreift eis eng Email op communication@cgdis.lu Mir freeën eis op äre Retour! | |||