Retour

Explorez tous les épisodes du podcast 35M Elevator Pitch

Plongez dans la liste complète des épisodes de 35M Elevator Pitch. Chaque épisode est catalogué accompagné de descriptions détaillées, ce qui facilite la recherche et l'exploration de sujets spécifiques. Suivez tous les épisodes de votre podcast préféré et ne manquez aucun contenu pertinent.

Rows per page:

1–32 of 32

TitreDateDurée
EUGENIE ANSELIN – Ausser Otem04 avr. 202501:13:52

D’Eugenie Anselin ass voller Iwwerraschungen. Mir kennen hatt natierlech als talentéiert Schauspillerin, dat schonn als Kand virun der Kamera stoung – mee ech hunn nawell gutt gestaunt wéi hatt erzielt huet mat wat et bei him lassgaang ass.

D’Eugenie erzielt eis wéi hatt iwwert den Otem a seng Rolle rafënnt mee och wéi ee mat Kritik ëmgeet. Besonnesch dann, wann se perséinlech ass an extra wéi deet. Eppes, dat mer mengen ech alleguer kennen.

Gottseidank hu mer d’Opnam vun dësem Podcast ouni Accident iwwerstanen hunn. Well wärend där Stonn, hätt beim Eugenie sou munches kenne passéieren...


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

HANA SOFIA LOPES – Déi ganz Welt ass eng Bühn14 mars 202501:10:30

Als Weltenbummler a Polyglott (ganzer 7 Sproochen!) ass d'Hana Sofia Lopes scho vill rondrëm komm. Seng neisten – a vläicht gréissten Eskapad kënnt der dëse Méindeg, 17. Mäerz um 20:15 op ZDF bewonneren: den Action-Thriller "Flucht aus Lissabon". An der Haaptroll: eist Sofia.


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

CHRISTINA SCHAFFER – Baut sich die Welt wie sie ihr gefällt08 mars 202501:02:50

Unser heutige Gast ist geboren in der ältesten Stadt Deutschlands. Nicht nur deswegen kennt die Christina sich gut aus mit Geschichte. Als Production Designerin hat sie schon viele verschiedene Zeitepochen wahrheitsgetreu in ihren Kulissen wieder aufleben müssen. Bis ins letzte Detail kümmert sie sich um alles was im Film um die Schauspieler herum zu sehen ist. Man kann also sagen, dass Christina Schaffer Welten erschafft.

Mit Christina unterhalten wir uns über wie wichtig es ist, unsere Kreativität immer wieder neu zu definieren – Dass der Weg zu einem gewünschten Ziel, nicht immer eine gerade Linie ist – und warum wir uns, voller Nostalgie, in vergangene Epochen zurück träumen.

Ein spannendes Gespräch mit einer inspirierenden Frau. Viel Spaß mit der Production Designerin Christina Schaffer.


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

ALEX ESPIGARES – Eise Mann mam Oscar14 févr. 202501:15:48

And the Academy Award goes to... Alexandre Espigares! Yes, haut hu mer e ganz spezielle Gaascht op Besuch. Nämlech eise Mann mam Oscar. Ier en zu Hollywood di gëlle Statue fir de "Mr Hublot" an de Grapp gedréckt krut, huet den Alex awer fir d’éischt mol misse laang Joren iwwert d’ganz Welt reesen, wou hien op deene verschiddensten Zeechentrickfilmer als Animateur geschafft huet.

Mam Alex ënnerhalen mer eis iwwert den Ënnerscheed tëschent Animatioun a Live Action, respektiv wat déi zwou Konschtforme gemeinsam hunn; a wéi eng Animatiounsfilmer eis an der Kandheet iwwelst traumatiséiert hunn.


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

ULI SIMON – Kleider machen Leute (Deutsch)24 janv. 202501:09:16

Uli ist nicht nur unser erster nicht Luxemburgisch-sprachiger Gast, sondern mit ihr haben wir zum ersten mal eine Kostümbildnerin zu Besuch. Einer dieser Jobs beim Film, die viel spannender sind als man sich das als Nichtkenner so vorstellen würde – es geht nämlich um viel mehr als nur Kleider. Besonders wenn man schon so viele, und so große Projekte wie die Uli aufzeigen kann. Man denke nur an die vielen Stars, die sie über die Jahre hinweg an– und auch ausgezogen hat...


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

ERIC LAMHÈNE – Stäerkt & Resilienz03 janv. 202501:16:24

"Hors d'Haleine"  ("Breathing under Water") heescht den éischte Feature Film vum Eric Lamhène. An dësem emouvanten Drama geet et em haislech Gewalt, an erzielt d'Geschicht vum "Emma" (wonnerbar verkierpert vum Carla Juri) dat sech de Wee zréck an en eegent, fräit Liewen erkämpft.

Den Eric verréit wéi hien de Scenario zesumme mat senger Fra, Rae Lyn Lee, no jorelaanger Recherche geschriwwen huet. Wéi huet hier Kollaboratioun funktionéiert, wärend se net nëmmen um Set Regisseur- a Kamerafra Duo waren, mee gläichzäiteg doheem Papp a Mamm vun engem klenge Bouf.


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

JULIE KIEFFER – D’Julie war ni fort13 déc. 202400:56:28

Ugefaangen huet fir d'Julie alles um Set vun der Sitcom „Comeback“, wou hatt fir d’éischte Kéier huet dierfen eng Haaptroll spillen. Dobäi huet seng grouss Loscht fir d’Schauspillerei schonn an der Kandheet an him gebrodelt.

Haut ass d’Julie net nëmmen eng vun de villverspriechendste Lëtzebuerger Actricen – hatt huet sech parallel dozou fir de Wee als Pädagog entscheet, wou hatt de Nowuess un den Theater eruféiert. Dat wëll awer net heeschen, dass een net och ka fir Präisser op internationale Film Festivallen nominéiert ginn.


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

Special: "QUICKIES" Round Table – Go Make Films Now! (English)29 nov. 202401:01:48

"QUICKIES" is an anthology of low budget short films, each directed by another filmmaker, created by the Luxembourg Filmmakers’ association FILMREAKTER. We celebrate the premiere of the 2nd season with a live round table, where we talk to one of its creators, Govinda van Maele, and four of the participating filmmakers: Julie Schroell, Eileen Byrne, Ganael Dumreicher, and Roxanne Peguet.

Created to inspire new approaches to filmmaking in a rapidly changing world, the "Quickies" series welcomes both emerging talents and established filmmakers, encouraging bold and unconventional storytelling through innovative ideas in content and form.

This conversation was recorded with a live audience at the Cinémathèque du Luxembourg on November 14th 2024.


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

ANDY BAUSCH: PART 2 – Steel crazy after all these years22 nov. 202400:54:26

Nodeems den Andy mat vill Asaz de Sprong vu passionéiertem Amateur op Profi gelonge war, ass hie mat sengem "A Wopbopaloobop A Lopbamboom" an der Europäescher Filmlandschaft duerchgestart. Dono huet den Andy an Däitschland bei villen Tëlee's Filmer- a Serië Regie gefouert, an huet deene säi Stempel opgedréckt.

Mee d'Heemecht huet hien zréck an de Minett gezunn. Resultat: de "Club des Chômeurs", an een Documentaire nom aneren iwwer lëtzebuerger Geschichten. An och haut gëtt et kee Grond fir den Andy e Gank erof ze schalten!


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

ANDY BAUSCH: PART 1 – D’Kees op an d‘Klacken eraus!08 nov. 202401:10:13

Den Andy ass ee vun de Pionéier vum Lëtzebuerger Kino, déi di siwent Konscht an eis klengt Land bruecht hunn. Ufanks den 80er Joren, wéi d’Filmindustrie zu Lëtzebuerg nëmmen aus e puer Gecke wéi him bestanen huet, huet hien seng éischt Filmer gedréint – mat nëmme wéineg Mëttelen, mee ëmsou méi Leidenschaft. An huet esou Kultfilmer wéi den "Troublemaker" geschaf.

Et ass e Genoss dem Andy sengen Anekdoten aus där Zäit nozelauschteren, wéi hie mat sengem Frënnt an "acteur fétiche", Thierry van Werveke, des wëll Zäit erlieft huet, a wéi aus deene puer Gecke lues a lues Vollprofien ginn ass...


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

35M Elevator Pitch | RTL PLAY – Trailer06 nov. 202400:00:40

Elo op RTL PLAY!

E Podcast iwwer d'Léift zum Film, a wéi e gemaach gëtt. All Episod invitéiere mir eng Perséinlechkeet aus Film & TV, a poteren iwwert d‘Konscht an de Beruff vum Filmemaachen. Den Émile V. Schlesser an de Fabien Colas wëllen e Bléck hannert d'Kulisse fräiginn, Anekdote vum Set erhaschen, an aus Erfarunge léieren.

play.rtl.lu/shows/lb/35m-elev...
35mfilms.com/podcast


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

THIERRY FABER – D'Handwierk vum Storytelling beherrschen28 juin 202401:05:01

Vun der Schéier zum Stëft: Dem Thierry Faber säin Talent als Geschichtenerzieler couvréiert all Aspekt vun der Filmproduktioun – vum éischte geschriwwene Wuerd, iwwert d'Regie-féieren, bis hin zum Schnëtt vum fäerdege Film.

Den Thierry ass de Mastermind vun der erfollegräichster Lëtzebuerger Serie "Capitani" 1 & 2 – déi Serie, déi via Netflix d'ganz Welt erreecht huet.

Mir schwätze mam Thierry iwwert dësen onerwaarte Succès; wéi hie mat Kritik ëmgeet; wéi wäit hie geet an der Recherche... a wéini kennt endlech déi 3. Staffel vu "Capitani" eraus, Thierry!?


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

GOVINDA VAN MAELE – Däi Selbstvertrauen schützen14 juin 202401:04:36

De Govinda ass net nëmmen ee vun de Createuren vun der "Quickies" Kuerzfilm-Anthologie, hien ass virun allem den Auteur & Regisseur hannert eisem Liblings Lëtzebuerger Film : dem Bauerenduerf-Thriller "Gutland" (2017) mam Vicky Krieps.

Mir ënnerhalen eis iwwer Selbstvertrauen – déi wichtegst  Qualitéit vun engem Filmemaacher, dat ee mat alle Mëttele schütze muss; a wisou et wichteg ass kleng Karriärs-Schrëtt ze maachen, fir seng Kreativitéit net duerch ze vill Geld ruinéieren ze loossen.

D'Gespréich mam Govinda ass eent op dat mir eis scho laang freeën. Hien ass ee vun den intressantsten an intelligentste Kënschtler zu Lëtzebuerg, mat deem et onméiglech ass e langweilegt Gespréich ze féieren. 


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

KEN BARTHELMEY – Monsters & Blockbusters10 mai 202401:06:12

Kaum ee Lëtzebuerger schafft u sou ville risegen Hollywood Blockbuster wéi de Ken Barthelmey. Hien erschaaft Monsteren a Kreaturen fir Filmer wéi Thor, Fantastic Beasts, Godzilla, Predator, Pokémon, Maze Runner, Aquaman... a ville méi.

De Ken erkläert wéi hien et fäerdeg bruecht huet, seng Visioun ze erreechen; wisou et haut ëmmer nach wichteg ass mat Stëft op Pabeier ze schaffen; a fir wéi ee Film de Guillermo del Toro hien héchstperséinlech recommandéiert huet.


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

LUKAS GREVIS – Einfach just maachen!26 avr. 202401:01:48

De Lukas Grevis gëtt Vollgas. Déi meescht schwätze vill an téinen déck – wärend de Lukas einfach mécht. Mat 25 Joer huet hie schonn seng éischt 2 Feature Filmer an der Këscht! Dat muss ee mol fäerdeg bréngen.

Den éischte Film, "D'Land am Schiet" (am Optraach vu Respect.lu) ass eng Etude iwwert eng Gesellschaft déi sech radikaliséiert. Fir säin zweete Film, e Roadmovie, huet de Lukas mat quasi null Budget seng jonk an hyper-motivéiert Crew queesch duerch ganz Europa geleet.

Wat no baussen immens inspiréierend wierkt, huet awer säi Präis. De Lukas huet geléiert heiansdo e Gang erof ze schalten, an sech net fir seng Passioun selwer ze zerstéieren.

"D'Land am Schiet" Trailer:
https://youtu.be/gLEJ1YbuKhQ

Lukas Grevis Vimeo Channel:
https://vimeo.com/user37476509


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

JERRY FRANCK – De Wee bei d'Oscars (Hollywood Series)05 avr. 202400:57:20

HOLLYWOOD SERIES

 An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschloen huet.

De Jerry Franck ass ee vun deene wéinege Lëtzebuerger, déi et bis bei d'Oscars gepackt huet! 2016 war hie bei den Academy Awards mat sengem "Chau Beyond the Lines" fir beschten Dokumentär Kuerzfilm nominéiert. Ugefaang huet beim Jerry awer alles als Steadycam-Operator.

De Jerry erzielt eis wéi et war iwwert de rouden Tapis gejot ze ginn; wéi hien seng Léift zu belschem Béier an en erfollegräiche Film verwandelt huet; a wéi et war mam James Franco a Will Ferrell Fänkches ze spillen!


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

ANNE KLEIN – Raus aus der Comfort Zone (Hollywood Series)22 mars 202401:15:10

HOLLYWOOD SERIES

 An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschlo huet.

D'Standup Comedian & Schauspillerin Anne Klein huet seng siwe Saache gepak an ass op Los Angeles geplënnert fir sengem Dram nozegoen. D'Anne fäert näischt. Obwuel hatt vun sech selwer behaapt schei an onsécher ze sinn, klëmmt hatt Owend fir Owend op d'Bün fir seng Ängscht ze iwwerwannen. Well Standup a Live Improvisatioun, si warscheinlech déi zwou "schlëmmsten" Disziplinnen déi sech eng schei an onsécher Persoun ka raussichen.

D'Anne huet déi bewonnerenswäert Fäegkeet, sech ëmmer nees raus aus senger Comfort Zone ze katapultéieren . Wou hatt dee Courage hierhëllt – a wéi schwéier et ass op Lëtzebuergersch witzeg ze sinn – dat verréit eis d'Anne an dësem Gespréich. A mir hu gutt gelaacht... wéi een sech ka virstellen!


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

JEFF DESOM – Vergaangenheet an Zukunft (Hollywood Series)08 mars 202401:10:53

HOLLYWOOD SERIES

 An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschloen huet.

Als Regisseur an VFX (visual effects) Kënschtler, ass de Jeff Desom e reegelrechten Zauberer, mat engem Talent fir Biller, déi engem am Gedächtnis bleiwen. Zënter méi wéi 10 Joer ass LA dem Jeff säin Doheem, wou hie mat groussen Nimm zesummeschafft.

De Jeff erzielt wéi alles ugefaangen huet, wéi hien als Teenager mam Vicky Krieps éischt Erfarungen als Schauspiller gesammelt huet; wéi hie mat e puer Kolleegen d'visuell Effekter fir den Oscar-Gewënner "Everything Everywhere All At Once" gebastelt huet; a wéi de Medium Film sech an Zukunft wäert veränneren.


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

DAVID GOLDRAKE – D'Spill mat der Illusioun (Hollywood Series)23 févr. 202401:32:19

HOLLYWOOD SERIES

 An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschloen huet.

Eisen éischte Gaascht ënnert dem Hollywood Zeechen ass den Illusionist David Goldrake, en Entertainer par excellence. Mat enormer Selbstdisziplin a Fokus huet hie säi ganzt Liewe kompromësslos senger Konscht verschriwwen.

Mir schwätzen iwwert seng Entwécklung als Kënschtler, wéi säin Dram vun enger eegener Show zu Las Vegas sech verwierklecht huet, a wéi seng "Synästhesie" hien zu neien Tricker inspiréiert. Den David scheit net zréck fir och iwwer onconfortabel Themen ze schwätzen, wéi Alteren an Doud – an dat Accident, dat hien déif geprägt huet.


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

EILEEN BYRNE – Film ass Emotioun02 févr. 202401:11:16

D'Eileen ass mat vill Leidenschaft op senge Filmsets derbäi, wou hatt och kee Problem huet heiansdo mol Emotiounen ze weisen. Wat anerer als eng Schwächt ugesinn, emfënnt hatt als eng Stäerkt. Et soll een sech net hannert enger Fassad vu Keelt a falscher Häert verstoppen.

D'Eileen kennt frësch vum Set vu sengem éischte Feature Film, der Verfilmung vum däitschen Erfolgsroman "Marianengraben". Hatt verréit eis wat hatt an dëser stresseger mee wonnerschéiner Zäit geléiert huet – wat ee Schauspiller op kee Fall soll soen – an wisou trotz Studenten-Oscar ëmmer nach eng Imposter-Stëmm heiansdo dertëschent pëspert.

An Däitschland huet d'Eileen eng Beweegung gegrënnt, déi sech fir eng besser Ennerstetzung vu jonke Filmemaacher a couragéierte Produktiounen asetzt. Et wier eng traureg Welt, wann des Filmer net géifen entstoen. Dofir Merci, Eileen!


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

MAGALY TEIXEIRA – Nom Applaus12 janv. 202401:07:36

D'Magaly Teixeira ass eng spannend Kënschtlerin mat ville Facetten. Ugefaang huet alles mam Danz. An zwar net den übleche Ballet- oder Hiphop-Unterrecht. Nee, beim Magaly war dat op engem ganz aneren Niveau! Mee och Gesang spillt a sengem Liewen eng wichteg Roll. Wann hatt mat senger Fado-Band optrëtt, fillt hatt sech senge portugisesche Wuerzele ganz no.

Och wann een d'Magaly als Energiebündel bezeechne kann, deem seng positiv Ausstralung ustécht, wëll dat net heeschen, dass hatt net och déi schwiereg Phase kennt, wann den Applaus bis verklongen ass. Dann dauchen – grad wéi bei all Kënschtler – och bei him Dämonen op.

D'Magaly schwätzt mat vill Passioun iwwert de Beruff vum Schauspiller, mee erzielt grad sou offen iwwert déi negativ Gefiller, Zweifel an Ängscht, déi mat dësem Liewensstil verbonne sinn. En Thema, wat oft Tabu ass.


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

AMANDINE KLEE – D'Musikalitéit vun der Kameralëns29 déc. 202301:29:35

Wéi d'Amdandine Klee als Teenager déi éischte Kéier eng Kamera op der Schëller hat, stoung fir hatt seng Beruffung fest. Als Frontfra vun enger Rockband war eigentlech Musik seng éischt Passioun – wat haut e groussen Afloss huet op seng Manéier Biller ze komponéieren.

Als eng vu wéinege Kamerafraen an dësem männlech-dominéierte Beruff, huet d'Amandine fréi geléiert sech duerchzebäissen, a setzt sech haut als erfollegräich DP an, Gläichheet an Akzeptanz um Filmset eng Normalitéit ze maachen.

An dësem inspiréierende Gespréich potere mer mam Amandine iwwer d'Qualitéiten déi en DP muss matbréngen – wéi een trotz klenge Mëttele grousse Kino maache kann – a wisou et nach ëmmer bäi Wäitem net genuch Fraen hannert der Kamera gëtt.


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

FÉLIX KOCH – E Superheld am Regie féieren16 déc. 202301:04:54

De Félix Koch ass deene meeschte Lëtzebuerger als d'Regietalent hannert dem Succès vum "Superjhemp Retörns" bekannt. Säi Kachkéis-gedriwwene Superhelden Epos huet 2018 fir vill gutt Stëmmung an de Lëtzebuerger Kino's Säll gesuergt.

Als Regieassistent vum Michael "Bully" Herbig ugefaangen, ass de Félix zënter 2007 an der Film & TV Branche aktiv. Nom Superjhemp, huet hie Regie fir d'ARD Serie "Großstadtrevier", an d'RTL Actionfilmer "Balko-Teneriffa" gefouert. Hie weess also wéi dat leeft, wann op engem Filmset geballert gëtt!

Wéi een effizient schafft, seng Visioun trotz Stress an Zäitdrock duerchsetzt – a wat ee mécht wann den Haaptschauspiller sech e Messer duerch d'Hand stécht  – dat verréit eis de Félix eis an dëser Episod!


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

TOMMY SCHLESSER – E Liewe fir d'Schauspillerei02 déc. 202301:05:55

Et ginn net all ze vill Leit zu Lëtzebuerg déi nach näischt vum Tommy Schlesser héieren hunn. Zënter sengem Debut als professionelle Schauspiller an der Sitcom "Comeback" (2012) huet säi Wee hien an international Produktioune queesch duerch d'Welt gefouert.

Mee wéi huet alles beim Tommy ugefaang? Als Kand huet hie schonn mat sengem Brudder (eisen Host, Émile V. Schlesser) éischt Filmer gemaach. Déi si schliisslech ëmmer méi grouss an éiergäizeg ginn, bis de Wonsch säi Liewen dëser Passioun ze widmen, net méi ze ennerdrécke war.

Den Tommy erzielt eis wéi schwéier et heiansdo ass als Schauspiller d'Familljeliewen an de Beruff ënnert een Hutt ze bréngen; wéi hie virun engem Dréi zum "Rodeo-Stéier" gëtt; a wat mengt den Tommy eigentlech, wann hie seet hie wier "am Tunnel"?


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

TIMO WAGNER – De Kierper als wichtegst Instrument18 nov. 202301:04:30

(SPOILER!)

 Ugefaangen huet alles mam Sport. De Schauspiller Timo Wagner hat eigentlech schonn de Wee vum Leeschtungssport ageschloe, wéi et hien et op d'Bün a virun d'Kamera gezunn huet. Wéi sech rausstellt hunn déi zwou Welten awer vill méi gemeinsam wéi ee mengt.

Zur Zäit ass den Timo um groussen Ecran am spektakuläre "Läif a Séil" ze bewonneren. Eng mysteriéis Roll, déi hie bis an de klengsten Detail virbereet huet. Wéi enge kierperleche Strapazen huet hie sech fräiwëlleg ausgesat fir dës Roll? A wat ass en absolutten No-Go an der Kommunikatioun mam Regisseur?

Dat, a villes méi, verréit eis den Timo Wagner an dësem intime Gespréich.


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

JACQUES MOLITOR – Horror mat Häerz04 nov. 202301:01:12

(SPOILER!)

 De Jacques Molitor huet net nëmmen e grousst Filmwëssen, mee mat zwee Feature Filmer och genuch Erfarung fir iwwer d'Handwierk vum Regieféieren an seng Schwieregkeeten ze schwätzen. Mat sengem neie Film "Kommunioun" (Wolfkin) liwwert de Jacques e spannende Genre-Mix: Horror, Coming-of-Age an Social Drama. Eppes, dat ee bis haut nach net am Lëtzebuergesche Kino ze gesi krut.

De Jacques erzielt eis wéi hien d'Erausfuerderung gemeeschtert huet, mat enger komplizéierter Diva ze schaffen – engem richtege Wollef.

Merci un Les Films Fauves fir d'Clips.


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

LOIC TANSON – Eng roueg Stëmm am wëlle Westen27 oct. 202301:06:43

(SPOILER!)

 Mat engem Lëtzebuerger Western, dem spektakuläre Läif a Séil, liwwert de Regisseur Loic Tanson säin éischte Feature Film. Poetesch, brutal an eng immersiv Rees an eng vergaangen Epoch.

No jorelaanger Erfahrung als Filmkritiker huet de Loic de Sprong op déi aner Säit gewoot. Dräi Kuerzfilmer an e puer Dokumentairen hunn hien op dëse grousse Projet virbereed – déi opwännegst an deierste Lëtzebuerger Produktioun bis dato.

De Loic verréit eis wéi hie mat senge Schauspiller "schafft", wat ee mécht fir säin Team zesummenzeschweessen – a wéi ee bluddeg Szenen realistesch an effektiv ëmsetzt!


Merci u Samsa Film fir d'Clips.


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

FABIEN COLAS – Produzéieren zu Hollywood an zu Lëtzebuerg22 oct. 202301:04:21

Als éischt Episod féiere mer mol e Selbstgespräch. An zwar mat eisem eegenen Host, dem Fabien Colas.

De Fabien ass zu Lëtzebuerg gebuer, an huet sech iwwert déi lescht 10 Joer zu Hollywood eng Karriär opgebaut. Als Produzent vu Music Videos huet hie scho mat Artiste wéi dem Miley Cyrus, Christina Aguilera, Lil Wayne oder dem ASAP Rocky zesumme geschafft. Obwuel hien sech zu Los Angeles niddergelooss huet, zitt et hien ëmmer nees zréck heem op Lëtzebuerg.

An dësem éischten Talk verréit hie wéi de verréckten Alldag op esou grousse Produktiounen ausgesäit. Wat huet hie schonn alles mat exzentresche Stars erlieft? A wiem géif hie gär mol eng Kéier am Lift begéinen? 


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

E Podcast iwwer d'Leidenschaft Filmer ze maachen21 oct. 202300:02:59

35M Elevator Pitch ass e Podcast iwwer d'Léift zum Film, an alles wat mat der Magie vum Kino ze dinn huet. Och wa mir eis op d'Filmindustrie zu Lëtzebuerg fokusséieren, wëlle mir eis awer net just op eis Heemecht begrenzen.

All Episod invitéiere mir eng Perséinlechkeet aus Film & TV, fir am Detail iwwert hier Konscht an de Beruff vum Filmemaachen ze poteren. Mir wëllen e Bléck hannert d'Kulisse fräiginn, Anekdote vum Set erhaschen, an aus Erfarunge léieren. Wat fléisst alles an d'Entstehung vun engem Film? Wéi baut een eng Karriär an dëser Industrie op? Wéi gëtt ee mat deene verschiddenen Challengen eens?

A wie wëllen eis Gäscht emol am Lift treffen?

De Fabien Colas & Émile V. Schlesser hunn zesummen d'Produktiounsfirma 35M Films gegrënnt a schaffen zënter 2012 als Produzenten– a Regisseuren Duo. Als passionéiert Filmemaacher hunn den Émile & Fabien decidéiert e Podcast iwwer hier Leidenschaft ze kreéieren. Eng Idee, déi scho laang an hire Käpp gebrodelt huet.


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

© My Podcast Data · Projet indépendant · Données issues d'Apple & Spotify